Eng weider formidabel Leeschtung vum Patrizia van der Weken.

Op der Liichtathletik-Indoor-WM zu Nanjing a China sprint d'Patrizia van der Weken iwwer 60 Meter op déi formidabel 3. Plaz a gewënnt no der Bronzemedail op der EM zu Apeldoorn an Holland och Bronze bei der Weltmeeschterschaft. Fir si ass de Chrono no 7,07 Sekonne stoe bliwwen, dat ass een Honnertstel iwwer hirem Lëtzebuerger Rekord.

Gold huet sech d‘Schwäizerin Mujinga Kambundji (7.04 Sekonnen) virun der Italienerin Zaynab Dosso (7.06 Sekonnen) geséchert. Mam Mujinga Kambundji, Zaynab Dosso an dem Patrizia van der Weken stinn déi nämmlecht dräi Athletinnen um Podium, wéi och bei der Indoor-EM an Holland virun 2 Wochen.

Domat schreift d’Patrizia van der Weken bannent 2 Wochen op en Neits Lëtzebuerger Sportgeschicht. Nach ni ass et engem Lëtzebuerger gelongen, eng Medail op enger Indoor-WM ze gewannen.

Fir d'Patrizia van der Weken ass et déi zweet international Medail an der Hal.

Reaktiounen no Bronze Exploit vum Patrizia van der Weken
Interview mam Patrizia van der Weken, dem Trainer Arnaud Starck an dem Directeur Technique vun der FLA dem Jean-Baptiste Souche

Ouni gréisser Problemer an d'Finall gesprint
D'Lëtzebuergerin ass an der Halleffinall an hirer Serie mat engem Chrono vu 7.12 déi éischt ginn a konnt sech esou direkt fir d'Finall iwwer 60 Meter qualifizéieren. Allerdéngs war et eng knapp Geschicht, konnt sech d'Patrizia van der Weken réischt am Fotofinish déi éischt Plaz sécheren, virun der Schwäizerin Mujinga Kambundji.

Um fréie Samschdeg Moien huet d'Sportlerin vum Joer sech ma enger Zäit vu 7,21 Sekonne, an enger zweeter Plaz an hirer Serie, fir d'Halleffinall qualifizéiert gehat.