Dortmund sammelt wichteg Punkte fir Europa, Leverkusen wënnt spéit

© AFP / TOM WELLER
Mat enger 4:1-Victoire zu Freiburg huet de BVB rëm gutt Chancen op eng international Plaz. Leverkusen bleift duerch e spéiden 1:0 weider un de Bayern drun.
E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga d'Suite vum 28. Spilldag. Fir den Optakt gouf et e Freideg den Owend eng kloer 3:1-Victoire fir Bayern géint Augsburg.
Nom batteren Out an der Halleffinall vum DFB-Pokal géint den Drëttligist Arminia Bielefeld wollt d'Leverkusen op mannst nach an der Bundesliga eng minimal Chance op en Titel dës Saison um Liewen halen. Dofir war eng Victoire e Samschdeg zu Heidenheim Flicht. D'Werkself konnt sech dann och duerch ee Gol an der Nospillzäit mat 1:0 duerchsetzen. An der Ufanksphas hu sech déi Leverkusener awer schwéier gedoen, de Ball lafen ze loossen a sech Chancen erauszespillen. E Chancëplus gouf et souguer fir d'Haushären, ma ouni ee Gol sollt déi éischt Hallschent no 45 Minutten op en Enn goen. Och nom Säitewiessel huet Heidenheim de Match ufanks kontrolléiert. Leverkusen krut de Ball dann zwar am weidere Spillverlaf och selwer ëmmer méi ënner Kontroll, ma am grousse Ganze war et ëmmer nach eng enttäuschend Prestatioun. Wéi et sech fir d'Ekipp vum Xabi Alonso allerdéngs gehéiert, ass Leverkusen duerch ee Gol vum Emiliano Buendia an der 91. Minutt dann awer nach den decisive Gol gelongen.
An der Lutte ëm eng Plaz fir Europa ass Dortmund eng wichteg a kloer 4:1-Victoire géint den direkten Tabellekonkurrent Freiburg gelongen. D'Gäscht hate vun Ufank u méi vum Match a krute sech no enger gudder hallwer Stonn och dofir belount. De Karim Adeyemi hat de Ball mat vill Kraaft aus spatzem Wénkel erageschoss an domadder fir d'Féierung gesuergt. Am zweeten Duerchgang war de BVB weider déi besser Ekipp um Terrain, an dat huet sech och um Spillstand gewisen. No de Goler vum Chukwuemeka, Guirassy a Gittens war de Match entscheet an d'Victoire geséchert. An der Tabell kënnt Dortmund duerch dëse Succès op ee Punkt un d'Freiburger op der 7. Plaz erun.
An de weidere Matcher vum Samschdegmëtteg gouf et nach eng däitlech 4:0-Victoire fir Stuttgart zu Bochum, Leipzig konnt sech doheem no engem fréie Réckstand mat 3:1 géint Hoffenheim duerchsetzen a fir Mainz gouf et virun den eegene Spectateuren en 1:1 géint Kiel.
E Samschdeg den Owend spillt vun 18.30 Auer un nach Werder Bremen géint Eintracht Frankfurt.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.