D'Katalane wannen op en neits ee geckegen "El Clasico" a brauchen elo just nach eng Victoire fir de Championstitel.

Am internationale Futtballchampionnat geet d'Saison lues a lues op en Enn. Wärend déi éischt Decisioune scho gefall sinn, geet et fir eng Rei Ekippen nach ëm Villes. Dorënner och fir Borussia Dortmund, dee sech mat enger klorer 4:2-Victoire zu Leverkusen nach d'Chance fir eng Plaz an der Champions League oppen hält. Trotzdeem musse si um leschte Spilldag nächste Samschdeg op e Punkteverloscht vum SC Freiburg hoffen.

Och an England streide sech d'Ekippen hannert dem Champion Liverpool nach ëm eng Champions-League-Plaz. E Sonndeg huet Newcastle mat enger 2:0-Victoire géint den direkte Konkurrent Chelsea immens wichteg Punkte gesammelt. Fir béid Europa-League-Finaliste Manchester United an Tottenham gouf et dann nees eng Defaite, sou datt béid Ekippen op de Plaze 16 a 17 stinn.

A Spuenien gouf et dann op en neits ee geckegen "El Clasico". Nees kënnen d'Katalanen e fréien 0:2-Réckstand dréinen an de Match um Enn mat 4:3 géint Real Madrid wannen. Domadder ass Barcelona de spuenesche Championstitel quasi net méi ze huelen. Dräi Spilldeeg viru Schluss ass den Ecart op den Zweeten aus Madrid elo siwe Punkte grouss.

Am nationale Futtballchampionnat ass Stroossen no enger Diddelenger Defaite géint Monnerech nees Tabellenzweeten

Bundesliga

Leverkusen - Dortmund 2:4
1:0 Frimpong (31'), 1:1 Brandt (33'), 1:2 Ryerson (43'), 1:3 Adeyemi (73'), 1:4 Guirassy (77'), 2:4 Hofmann (90+2')

Virum Match gouf zu Leverkusen nieft dem Jonathan Tah och dem Trainer Xabi Alonso Äddi gesot, déi allebéid de Veräin no der Saison verloossen. An engem Match, an deem et fir d'Werkself mat engem Bléck op d'Schlussklassement ëm näischt méi gaangen ass, konnte si trotzdeem a Féierung goen. No enger gudder hallwer Stonn huet de Florian Wirtz op den Jeremie Frimpong ofgeluecht, deen da mat engem Schoss an de laangen Eck op 1:0 gestallt huet. Laang huet d'Reaktioun vun den Dortmunder awer net op sech waarde gelooss. Nëmmen zwou Minutte méi spéit konnt de Julian Brandt op 1:1 ausgläichen. Obwuel de BVB net kloer dominant war, sollt nach virun der Paus am Numm vum Julian Ryerson den 2:1 geléngen.

Am zweeten Duerchgang war dann alles an allem net méi sou vill lass wéi an den éischte 45 Minutten. Méi no un engem weidere Gol waren d'Gäscht aus Dortmund, déi duerch zwee Goler bannent véier Minutten dann den Deckel drop maache konnten. Nom 3:1 duerch de Karim Adeyemi an dem 4:1 duerch de Serhou Guirassy konnt Leverkusen de Réckstand net méi ophuelen a muss sech um Enn verdéngt geschloe ginn. Dortmund bleift duerch dëse Succès ee Punkt a mat enger besserer Goldifferenz hannert dem Véierten aus Freiburg a ka sech um leschte Spilldag nach den Ticket fir d'Champions League sécheren.

Frankfurt - St. Pauli 2:2
1:0 Kristensen (1'), 1:1 Saliakas (4'), 1:2 Guilavogui (16'), 2:2 Batshuayi (71')

Den FC St. Pauli an den Danel Sinani hu mat engem 2:2-Remis zu Frankfurt de Verbleif an der 1. Bundesliga sou gutt wéi kloer gemaach.

Premier League

Newcastle - Chelsea 2:0
1:0 Tonali (2'), 2:0 Guimaraes (90')

An der spannender Course ëm eng Plaz an der Champions League huet Newcastle e Sonndeg ganz wichteg Punkte géint den direkte Konkurrent Chelsea gesammelt. Nëmmen zwou Minutten hat et gedauert, bis eng flaache Flank de Sandro Tonali  um zweete Potto fonnt huet, déi den Italieener da mat Succès verwäerte konnt. Chelsea huet sech no deem fréie Schock no an no erholl a gouf am Spill no vir ëmmer méi couragéiert. Ee battere Réckschlag gouf et dann awer an der 35. Minutt, wéi den Nicolas Jackson säi Géigespiller bewosst mam Ielebou am Gesiicht getraff hat an deemno mat Rout vum Terrain geflunn ass. An Ënnerzuel huet Chelsea et an der zweeter Hallschent trotzdeem no vir probéiert, ass géint eng stabil Defense vun Newcastle awer net ukomm. An der 90. Minutt huet de Bruno Guimaraes mam 2:0 da fir d'Decisioun an um Enn dräi verdéngte Punkte gesuergt.

Manchester United - West Ham 0:2
0:1 Soucek (26'), 0:2 Bowen (57')

Nottingham - Leicester 2:2
0:1 Coady (16'), 1:1 Gibbs-White (25'), 2:1 Wood (56'), 2:2 Buonanotte (81')

Tottenham - Palace 0:2
0:1 Eze (45'), 0:2 Eze (48')

Liverpool - Arsenal 2:2
1:0 Gakpo (20'), 2:0 Luis Diaz (21'), 2:1 Martinelli (47'), 2:2 Merino (70')

Serie A

Hellas - Lecce 1:1
0:1 Krstovic (23'), 1:1 Coppola (41')

FC Turin - Inter Mailand (18.00 Auer)

La Liga

Barcelona - Real Madrid 4:3
0:1 Mbappé (5'), 0:2 Mbappé (14'), 1:2 Eric (19'), 2:2 Yamal (32'), 3:2 Raphinha (34'), 4:2 Raphinha (45'), 4:3 Mbappé (70')

Wéi och schonn an der Finall vun der Copa del Rey entscheet den FC Barcelona den "El Clasico" mat enger 4:3-Victoire fir sech. Op en neits ass de Gaascht aus Madrid duerch zwee fréi Goler a Féierung gaangen. Duerch de Kylian Mbappé stoung et no mol net 15 Minutten 2:0 fir Real. Barcelona huet duerno awer och ugefaange mat spillen a war dann och net méi ze bremsen. Nach virun der Paus sollt et de Katalanen duerch d'Goler vum Eric, Lamine Yamal a Raphinha (2) geléngen, de Match ze dréinen. Sou ass et mat enger 4:2-Féierung fir Barcelona an d'Paus gaangen. Am zweeten Duerchgang war de Kinneklechen dann zwar nach mam drëtte Gol vum Kylian Mbappé den 3:4 gelongen, ma um Enn sollt den Ausgläich net méi geléngen.