No 10 Joer ass den Tréierer Basket quasi erëm éischtklasseg. D'Gladiators qualifizéiere sech fir d'Finall vun der ProA a steigen esou sportlech op.

Um Dënschdegowend gewannen d’Gladiators Trier dee warscheinlech wichtegste Match an hirer Veräinsgeschicht. Si setze sech an der eegener Hal mat 87 op 69 géint Phoenix Hagen duerch an entscheeden esou d'Halleffinall-Serie („Best of five“) mat 3:0 fir sech. Domadder spillt den Tréierer Basket net nëmmen an den nächste Wochen ëm de ProA-Championstitel, mee huet sech elo schonn de sportlechen Opstig an déi éischte Basketball-Bundesliga geséchert.

Fir den Opstig perfekt ze maachen, mussen d’Gladiators Trier elo nach verschidden Oplagen erfëllen, fir déi definitiv DBBL-Lizenz ze kréien. Esou muss de Veräin nach finanziell Garantien noweisen, oder säin Nowuessberäich mat professionelle Jugendtrainer ausbauen. Déi Responsabel vum Veräin sinn awer optimistesch, dass si dës Oplagen ouni Problem erfëlle kënnen, esou d’Zeitung „Trierischer Volksfreund“.

Zu Tréier gouf um Dënschdegowend op jiddwer Fall schonn emol ausgeloosse gefeiert, dass Tréier no 10 Joer erëm zeréck an der Basketball-Bundesliga ass. 2014/15 ass den deemolege Veräin "TBB Trier" aus der éischter Bundesliga erausgefall a sollt dësen Ofstig och finanziell net iwwerliewen. No der TBB-Faillite goufen d’Gladiators als neie Veräin gegrënnt. Am Laf vun de Jore hu mam Thomas Grün a mam Alex Laurent och zwee Lëtzebuerger bei de Gladiators gespillt.

Schonn d’lescht Joer hat Tréier sech Hoffnungen op den Opstig gemaach, mee ass virun 12 Méint nach knapp u Frankfurt gescheitert. 
 
An der Finall ëm de ProA-Championstitel treffen d’Gladiators iwwregens op Jena oder Gießen. Jena läit an zweeter Halleffinall-Serie mat 2:1 vir.