Déifferdeng kréint sech no Eelefmeterschéisse géint Diddeleng zum Coupegewënner
E Mëttwoch den Owend gouf am Stade de Luxembourg d'Coupefinall bei den Häre gespillt. Openee getraff sinn dobäi den FC Déifferdeng 03 an den F91 Diddeleng.
Eng Ronn 4500 Spectateuren haten e Mëttwochowend de Wee an de Stade de Luxembourg fonnt, fir sech d'Finall an der Coupe de Luxembourg unzekucken. Si kruten dobäi vun den zwou Formatioune relativ more Kascht mat wéineg Golchancë gebueden.
Nodeems et no 90 Minutten am Match tëscht Déifferdeng an Diddeleng 1:1 stoung, ass dësen an d'Verlängerung gaangen. An dëser Verlängerung, déi vu Spannung a Golchancë gepräägt war, sollt béide Formatiounen nach e Gol geléngen, soudatt et no 120 Minutten 2:2 stoung an et an d'Eelefmeterschéisse gaangen ass.
An dësem Eelefmeterschéisse sollt sech um Enn déi Déifferdenger duerchsetzen, déi sech soumat op de ganze Match gekuckt mat 7:6 géint Diddeleng behaapten a sech domadder zum Coupegewënner 2025 kréinen.
FC Déifferdeng 03 - F91 Diddeleng 7:6 (2:2 n.V.)
0:1 Hadji (12'), 1:1 Silva (78'), 1:2 D'Anzico (Eegegol, 110'), 2:2 Trani (Eelefmeter, 119')
D'Spectateure krute keng gutt éischt 45 Minutten am Stade de Luxembourg ze gesinn. Béid Formatiounen hu sech schwéier gedoen, fir sech geféierlech virun de géigneresche Gol ze spillen, soudatt allebéid nëmme seelen e Schoss a Richtung Gol lassgelooss hunn. An der 11. Minutt sollt et dunn awer fir déi éischte Kéier am Match richteg geféierlech ginn an dëst op Säite vun den Déifferdenger. E Fräistouss ass vun der rietser Säit an de Strofraum geflunn, wou de Silva sech géint säi Géigespiller gutt duerchsetzen an de Ball mam Kapp op de Gol brénge konnt. Vill Spectateure ware schonn an d'Luucht gesprongen, well se de Ball am Gol gesinn hunn, mä dësen ass awer op d'Lat geflunn a vun do aus nees op den Terrain gesprongen. Den zweete Ball ass du beim Franzoni gelant, deen de Ball nees schaarf gemaach huet, mä dëse stoung beim Kappball vum Silva am Abseits, soudatt den Arbitter ofgepaff huet. Déi Déifferdenger hunn deen Ament nach der Chance nogetrauert, wat hinnen eng Minutt drop deier ze stoe komm ass. Du sollt de Ball nämlech am Déifferdenger Filet léien: Direkt no der Déifferdenger Chance ass de Ball beim Stumpf gelant, deen iwwert déi lénks Säit marschéiert ass an eng Flank an d'Mëtt erageschloen huet, wou den Hadji op de Ball gelauert an dëse per Kapp an de laangen Eck gekäppt huet. De Ventura am Déifferdenger Gol huet sech wuel nach laang gemaach, mä hie war ouni Chance. Doropshin hunn déi Déifferdenger liicht den Drock erhéicht, eng nenneswäert Chance sollt dobäi awer net eraussprangen. Schold dorunner waren awer och déi sëlleg Ënnerbriechunge wéinst Fouler oder wéinst technesche Feeler op béide Säiten. No nëmmen enger Minutt Nospillzäit, goufe béid Ekippe mat enger Diddelenger Féierung op den Téi geschéckt.
Mä och no der Paus huet sech um Match net vill geännert. Béid Ekippen hu sech iwwert wäit Strecken neutraliséiert, eng richteg Gefor virun engem Gol sollt dobäi ni opkommen. Déi Diddelenger hu sech hanne ragestallt an hunn den Déifferdenger Spiller de Ball iwwerlooss, déi mam Ballbesëtz awer näischt unzefänke wossten, soudatt déi Diddelenger Minutt ëm Minutt vun der Auer huele konnten. Et waren esouguer déi Diddelenger, déi an der 68. Minutt fir d'éischt an der zweeter Hallschent eng nennenswäert Chance verbuche konnten: De Bojic hat an der Déifferdenger Hallschent vill Plaz a konnt a Richtung Ventura am Déifferdenger Gol marschéieren. Am Strofraum ukomm, huet sech de Bojic en Häerz gefaasst an ofgezunn, mä säi placéierte flaache Schoss konnt vum Ventura paréiert an opgefaange ginn. De Match ass weider viru sech higeplätschert an aus dem Näischt huet Déifferdeng dunn zougeschloen. An der 78. Minutt huet den El Idrissi de Silva mat engem héije Ball an d'Lach geschéckt. De Silva huet du gesinn, datt den Desprez aus sengem Gol komm ass an huet de Ball mam Kapp iwwert dëse gehuewen an en esou zum 1:1-Ausgläich am Gol ënnerbruecht. Duerno hu béid Formatiounen nach eng Kéier liicht den Drock erhéicht, mä et sollt kee Gol méi falen, soudatt no 90 Minutten en 1:1 um Bou stoung a béid Ekippen dunn hu missen an d'Verlängerung goen.
An der Verlängerung waren et dunn déi Déifferdenger, déi déi éischt Occasioun haten. Mä den Desprez war och no 90 Minutten ëmmer nach voll do a konnte dem El Idrissi säi sate Schoss op Käschte vun engem Corner deviéieren. Mä och Diddeleng hat duerch de Kirch nach eng gutt Chance an der éischter Hallschent vun der Verlängerung. De Ventura konnt dem Diddelenger säi Fräistouss an der 101. Minutt allerdéngs an den Aus lenken a seng Ekipp domadder virum Réckstand retten. Et sollt deemno beim 1:1 bleiwen.
An der zweeter Hallschent waren et dunn nees déi Diddelenger, déi fir d'éischt geféierlech konnte ginn an dës Kéier sollt de Ball och direkt am Filet vun Déifferdeng aschloen. Den Hadji ass iwwert déi riets Säit marschéiert an huet de Ball an de Strofraum eragespillt fir säi Matspiller ze fannen. Dësen huet den Diddelenger net fonnt, mä dofir den Déifferdenger D'Anzico, deen de Ball kläre wollt, en dësen dobäi awer a sengem eegene Gol ënnerbruecht huet. Nom Géigegol huet Déifferdeng op den Ausgläich gedréckt, mä e sollt net falen. Entweder hat de Potto oder d'Lat eppes dogéint. Kuerz viru Schluss sollt den 2:2 dunn awer nach falen. Dëst duerch en Eelefmeter vum Trani, deen déi Déifferdenger no engem Handspill vum Lima kruten. Doropshin ass et an d'Eelefmeterschéisse gaangen.
An dësem sollt Déifferdeng de längeren Otem beweisen, sech duerchsetzen a sech domadder zum Coupegewënner 2025 kréinen.