Victoire fir Lëtzebuerger James Dunn an Däitsch Edith Stiepel
Op der Marathon-Distanz war den James Dunn no 2:29:04 Stonnen mat engem neie Streckerekord an der Luxexpo um Kierchbierg ukomm.
E Samschdeg stoung an der Stad erëm den traditionellen Nuetsmarathon um Programm, bei deem 17.000 Leeferinnen a Leefer un den Depart gaange sinn: eng 2.000 op der laanger, déi aner op der hallwer Distanz. Op béide goufen nei Beschtzäite gesat.
Bei den Häre gouf et eng Victoire fir de Lëtzebuerger James Dunn a bei den Damme konnt sech d'Edith Stiepel aus Däitschland am Marathon duerchsetzen.
Kee gréisseren Incident ze mellen, sou de Bilan vum Evenement vum CGDIS um Sonndeg, deen notéiert, datt 143 Persounen (Leefer a Spectateuren) hu misse en charge geholl ginn. Dorënner goufen der 20 an e Spidol transportéiert. Ausserdeem gouf et eng technesch Interventioun vun de Pompjeeën. Alles an allem war de CGDIS mat iwwer 180 Leit op der Plaz.
De Liveticker vum ganzen Dag fir nozeliese fannt Dir hei.
Hei kommt Dir bei all eis Fotogalerien iwwer den ING-Marathon.
Ronn 100.000 Supporter hu laanscht de ganze Circuit fir eng gutt Stëmmung gesuergt an d'Participanten ugefeiert.
Wärend fir een Deel vun de Leefer vläicht éischter d'Ambiance an d'Experienz am Vierdergrond stoung, ass et un der Spëtzt ëm déi éischt Plazen um Podium gaangen.
Marathon
No 2:29:04 Stonne konnt sech op der Marathon-Distanz vun 42,195 Kilometer bei den Hären de Lëtzebuerger James Dunn d'Victoire mat engem neie Lëtzebuerger Streckerekord sécheren. Hannendrun ass de Caleb Trabitzsch aus Däitschland (2:33:45) Zweete ginn a mam Luc Scheller (2:37:38) huet ee weidere Lëtzebuerger mat der drëtter Plaz de Podium komplettéiert.

© Patrick Greis
Bei den Damme gouf et op der Marathon-Distanz eng Victoire fir d'Edith Stiepel mat engem Chrono vun 3:12:32 Stonnen. Dat virun der Tatiana Proca (3:15:01) an der Lëtzebuergerin Karin Schank (3:15:54).

© Patrick Greis
Hallefmarathon
Op der Hallefmarathon-Distanz huet sech bei den Hären de Benjamin Polin duerchgesat. De Fransous ass mat engem neie Streckerekord vun 1:05:56 Stonn virum Däitsche Simon Bong (1:09:52) an dem Portugis João Cruz (1:13:08) ukomm. Séierste Lëtzebuerger war den Eric Gonderinger mat enger Zäit vun 1:16:27.

© Vic Pereira
Bei den Damme konnt keen der Teresa Frank d'Stier bidden. D'Däitsch ass no 1:21:50 Stonn ukomm a stoung um Podium virun der Michelle Trumm (1:22:53) an der Tine Hausmann (1:24:16). Séierst Lëtzebuergerin war d'Anne Reiser mat 1:25.50 Stonn um Chrono.

© Vic Pereira