Duerch d'Goler vum Hakimi, Doué (2), Kvaratskhelia a Mayulu ass et déi héchste Victoire jeemools an enger Champions-League-Finall.

E Samschdeg den Owend huet sech de PSG vu senger beschter Säit gewisen an d'Finall zu München kloer a verdéngt mat 5:0-Victoire géint Inter Mailand gewonnen. Fir de PSG ass dat den éischten Champions-League-Titel an der Veräinsgeschicht.

Resumé Finall Champions League / Reportage Guy Seyler

PSG - Inter Mailand 5:0
1:0 Hakimi (12'), 2:0 Doué (20'), 3:0 Doué (63'), 4:0 Kvaratskhelia (73'), 5:0 Mayulu (86')

Zu München war de PSG vun Ufank un déi besser Ekipp um Terrain. Si hunn direkt de Wee no vir gesicht a sinn dobäi och fréi geféierlech virun de géigneresche Gol komm. No 12 Minutten ass dann och déi verdéngt Féierung fir d'Ekipp aus Paräis gefall. No engem staarken Zouspill vum Vitinha an de Strofraum huet den Desiré Doué nëmmen nach missen eriwwer op den Achraf Hakimi spillen, deen de Ball fräi an den eidele Gol schéisse konnt. Nëmmen aacht Minutte méi spéit huet den 19 Joer alen Desiré Doué da selwer getraff. Säi Schoss gouf vum Defenseur onhaltbar ofgefälscht a sou stoung et scho relativ fréi am Match 2:0. Fir de Rescht vun der éischter Hallschent war vun Inter am grousse Ganzen ze mann komm, sou datt de PSG mam drëtte Gol um Fouss an d'Paus gaangen ass.

Och nom Säitewiessel huet sech Inter weider schwéier gedoen, ee Mëttel géint e quasi exzellente PSG ze fannen. D'Ekipp vum Trainer Luis Enrique huet weider alles richteg gemaach a mam 3:0 an der 63. Minutt fir eng Virentscheedung gesuergt. No enger präziser Pass vum Vitinha ass den Desiré Doué virum Golkipp äiskal bliwwen an huet säin zweete Gol vum Dag markéiert. Fir Inter Mailand war an der Schlussphas näischt méi ze huelen, dat war spéitstens da mam 4:0 duerch de Khvicha Kvaratskhelia kloer. Historesch ass et da mam 5:0 vum Senny Mayulu ginn, wouduerch um Enn déi héchste Victoire jeemols an enger Champions-League-Finall
feststoung.

D'Präisiwwerreechung no der Champions-League-Finall
Fir déi éischte Kéier ass d'Champions League un de PSG gaangen

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.