Am Centre Sportif Bim Diderich zu Péiteng hunn iwwer 75 Ekippen aus der Groussregioun um Tournoi matgemaach.

Schonn e Samschden de Moien um 9.00 Auer stoungen déi éischt Partien um Programm. D'Pré-Poussins (U10) hunn den Turnéier lancéiert. Nieft der U10 goufen et och nach Kompetitioune fir d’Kategorien: Baby Basket, Poussins, Minis, Scolaire Meedecher a Scolaire Jongen. 77 Ekippen aus 4 verschiddene Länner waren de Weekend zu Péiteng dobäi. D'Organisatioun vum Tournoi ass fir d’Kordall Steelers eng grouss Erausfuerderung.
  
E grousst Sportsfest an engem Familljefrëndleche Raum, dat war den Organisateure wichteg. Fir Spaass tëscht de Partien a Verfleegung gouf och gesuergt. Eng Rei Zuschauer waren och scho fréi am Centre Sportif. Op zwou Hale verdeelt kruten d’Spectateuren direkt véier Matcher gläichzäiteg gebueden. Et war e spannenden Optakt vum Basket-Turnéier. Déi jonk Sportler a Sportlerinne si mat vill Loscht an Ambitiounen an dëse Weekend gestart. 
 
Fir déi Lëtzebuerger Ekippen ass et wichteg, sech bei sou engem Tournoi ze weisen. Et soll een d’Chance notzen, géint auslännesch Ekippe spillen ze kënnen a sech fir seng Leeschtung iwwer déi läscht Saison ze belounen.
 
Déi 10. Editioun vum Kordall am Dribbel war e groussen Erfolleg. De Spaass stoung am Vierdergrond an dowéinst goung kee Kannt ouni Belounung heem.