Dëschtennis-ChampionnatHouwald weider ongeschloen, Hueschtert-Foulscht klappt Recken

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg stoung am nationale Championnat am Dëschtennis de kompletten 8. Spilldag um Programm.
D'Spiller vu Recken hate géint Hueschtert-Foulscht keng Chance a hu sech mat 2:6 misse geschloe ginn.
© Val Wagner

Fir de Kont vum 8. Spilldag hat den Opsteiger Bartreng Besuch vum Tabellenéischten Houwald. D'Gäscht hunn de Match dominéiert a kloer mat 6:0 gewonnen. Domat steet e weiderhin ongeschloen ob der 1. Plaz an der Tabell.

Den amtéierende Champion Hueschtert-Foulscht setzt sech mat 6:2 auswäerts géint Recken duerch a bleift an der Tabell sou 1 Punkt hannert Houwald. 4 Punkten hannert Hueschtert steet Fluessweiler. D'Ekipp aus dem Osten konnt sech e Samschdeg an engem serréiertem Match mat 6:4 géint Esch behapten.

Weider Victoiren ginn et fir Lénger zu Berbuerg (6:4) a Lëntgen géint Union Lëtzebuerg (6:4). Union bleift domat weiderhin ouni Victoire ob der leschter Plaz stoen .
______

Resultater an Tabell

Back to Top
CIM LOGO