Och dëst Joer hunn d'Barragematcher am nationale Futtball nees vill Leit op déi verschidden Terrainen uechter d'Land gelackelt.

Dat weisen d'Zuelen, déi d'FLF an engem Schreiwes matgedeelt huet. An der Period tëscht dem 22. Mee an dem 5. Juni 2025 goufe bei den am Ganzen 12 Barragematcher vun den Dammen an den Hären deemno 14.978 Spectateure gezielt. Dat mécht eng Moyenne vun 1.248 Spectateure pro Match.

Den Duell zu Ettelbréck tëscht Wolz a Kanech war mat 2.570 Ticketen, déi verkaf goufen, dee Match mat de meeschte Spectateuren. Eng quasi identesch Zuel gouf et mat 2.562 Spectateure beim Barragematch tëscht Beetebuerg a Biissen zu Bascharage.