Nodeems en Dënschdeg Déifferdeng an der Champions-League-Qualifikatioun ugetrueden ass, war et en Donneschdeg um Tour vum Racing a vun Diddeleng.

Resumé 1. Ronn Conference-League-Qualifikatioun / Reportage Gilles Tricca

Am éischte Match vum Owend huet sech Diddeleng misse géint Atletic Escaldes aus Andorra mat 0:2 geschloe ginn. Eng héich Hypothéik fir de Réckmatch en Donneschdeg an enger Woch zu Diddeleng.

Am zweete Match vum Owend zitt de Stater Racing, obschonns si eng gutt Prestatioun gewisen hunn, de Kierzere géint déi georgesch Ekipp vun Dila Gori. No 90 Minutte ginn déi Stater mat enger 1:2-Defaite vum Terrain.

RFCUL - FC Dila Gori 1:2

1:0 Stolz (52'), 1:1 Andronikashvili (60'), 1:2 Edudzi (78')

Kuckt de Match am Replay
Virun den eegene Spectateuren huet ee sech trotz Féierung misse mat 1:2 géint Dila geschloe ginn.

Um Verluerekascht kruten d'Spectateuren eng gutt éischt Hallschent vum Racing ze gesinn. D'Stater Jongen hu monter opgespillt an hunn ëmmer nees de Wee a Richtung georgesche Gol gesicht. Esou konnte si sech och eng sëllege Chancë kreéieren. An der 19. Minutt huet de Gomes de Kereselidze am Gol vun Dila Gori mat engem Schoss aus gutt 20 Meter op d'Prouf gestallt, mä dëse konnt de Ball awer paréieren. An der 26. Minutt war et dunn de Stolz, dee säi Gléck mat engem Kappball no enger Flank vum Lesquoy probéiert huet, mä och hei konnt de georgesche Golkipp de Ball halen. Kuerz virum Téi war et dunn nach eng Kéier geféierlech ginn am georgesche Strofraum, mä dem Mazie säi Kappball war ze zentral, soudatt och dësen de Wee net an de Gol fonnt huet. Vun Dila Gori, déi den Ament op der zweeter Plaz am georgesche Championnat stinn, war net all ze vill an der éischter Hallschent ze gesinn. Dës sinn ëmmer geféierlech virum Gol opgedaucht, wann de Ruffier am Gol vum RFCUL eng Feelpass gespillt huet. Esou wéi an der 42. Minutt, wou de Golkipp vum Racing e Matspiller ugeschoss huet, soudatt de Ball beim Shekiladze gelant ass, deen dat ronnt Lieder allerdéngs nieft de Gol gezierkelt huet. No 45 Minutte goufe béid Ekippen deemno beim Stand vun 0:0 op den Téi geschéckt, obschonns den RFCUL méi vum Match hat.

Nom Téi huet de Racing do weider gemaach, wou si an der éischter Hallschent opgehalen hunn. An der 52. Minutt konnte si sech dunn och fir hir Méie belounen. Den Azong ass an de Strofraum eragezunn an iwwert Ëmweeër ass de Ball du beim Stolz gelant, deen dësen aus kierzter Distanz am Gol ënnerbrénge konnt. Véier Minutten drop wier du bal den 2:0 gefall, mä dem Mazie säi Schoss konnt vum georgesche Golkipp deviéiert ginn. Gila Dori ass ferm geschwommen an awer konnte si dunn an der 60. Minutt de Score egaliséieren. Den Andronikashvili huet sech bei engem Fräistouss en Häerz gefaasst an huet einfach emol ofgezunn. Wéi e Stréch ass de Ball hannert dem Ruffier ageschloen, dee bei dësem Ball ouni Chance war. Et stoung deemno 1:1. Doropshin huet de Racing sech zréckgezunn an huet de Georgier d'Spill iwwerlooss. Dës sinn dunn och méi dacks zu Chancë komm. An der 78. Minutt sollt esou eng och de Wee an de Gol fannen. No engem Corner ass de Ball um Kapp vum agewiesselten Edudzi gelant, deen dësen dunn am Gol ënnerbruecht an de Score op 2:1 fir Dila Gori gestallt huet. De Racing huet sech nom zweete Géigegol nach méi schwéier gedoen an ass guer net méi geféierlech virum géigneresche Gol opgedaucht, soudatt si de Match, trotz gudder Leeschtung an der éischter Hallschent an trotz Féierung, um Enn mat 1:2 géint Dila Gori aus Georgien verléieren.

Atletic Escaldes - F91 Diddeleng 2:0

1:0 Gemelson (9'), 2:0 Yeray Carpio (15')

Déi Diddelenger sinn denkbar schlecht an de Match gestart an hu sech direkt kal erwësche gelooss. Schonn no 9 Minutte louch den F91 mat engem Gol hannen. Dëst nodeems de Gemelson no Virlag vum Roncal verwandele konnt. Och duerno huet den F91 kee Land am Match gesinn, soudatt si sech direkt den zweete Géigegol gefaangen hunn. Dës Kéier war et de Yeray Carpio, deen an der 15. Minutt den zweete Gol vum Dag markéiere konnt. Déi Diddelenger hu sech du mat dësem Score an d'Paus gerett. Selwer konnte si nämlech nëmme seele geféierlech virum Gol vun Atletic Escaldes opdauchen an hanne si se béi sëllegen Occasioune ferm geschwommen.

Nom Téi hunn déi Diddelenger sech dann och heiansdo no vir getraut, ouni de géigneresche Golkipp awer all ze vill ënner Drock ze setzen. D'Spiller vun Atletic Escaldes hunn de Match geréiert an dëse propper op en Enn gespillt, soudatt no 90 Minutten eng 0:2-Defaite fir Diddeleng um Bou stoung. Eng héich Hypothéik fir de Réckmatch en Donneschdeg zu Diddeleng.