Mo enger staarker Saison mat der U19 vum FC Metz huet de fréiere Spiller vum RFCUL säin éischte Profikontrakt ënnerschriwwen.

Dat nëmmen e puer Méint nodeems hie seng éischt Matcher fir d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp gespillt huet. De 16 Joer alen Ugräifer, deen zu Enfield an England gebuer gouf, ass zanter dem Summer 2023 zu Metz. Hei huet hien a 24 Matcher mat der U19 12 Goler geschoss.

Wéi et vum FC Metz heescht, géif de Brian Madjo sech als Spiller virun allem duerch, seng Kraaft, seng Vitess a seng kierperlech Presenz um Terrain auszeechnen. Deementspriechend hätte hie bei villen europäesche Clibb um Ziedel gestanen.

Fir d'Rout Léiwen ass de Madjo bis ewell bei der 1:0-Victoire géint Schweeden, der 3:1-Defaite géint d'Schwäiz an der 0:1-Defaite géint Sloweenien an den Asaz komm. An deenen dräi Matcher stoung hie jeeweils ronn 60 Minutten um Terrain.

Dem Brian Madjo säi Kontakt beim FC Metz leeft bis Juni 2028. Hien dréit d'Nummer 24.