Italien steet an der Halleffinall

© FABRICE COFFRINI / AFP
D'Italienerinnen hu géint Norwegen mat 2:1 gewonnen. D'Cristiana Girelli war mat 2 Goler d'Spillerin vun der Partie.
Um Mëttwoch den Owend stoung déi éischt Véierelsfinall vun der Futtball-EM vun den Dammen um Programm. No enger animéierter Partie huet sech Italien um Enn verdéngt mat 2:1 géint Norwegen behaapt. D'Victoire war awer och glécklech, well den entscheedende Gol kuerz viru Schluss gefall ass.
Italien war dem Géigner an der 1. Hallschent iwwerleeën. Direkt an der 8. Minutt hat d'Caruso eng grouss Chance op den 1:0, de Schoss goung awer knapp laanscht de Gol. Norwegen huet sech zréckgezunn an hat bis op e puer Standardsituatioune keng Méiglechkeeten. Italien hat tëscht der 19. an der 32. Minutt dräi weider Chancen, Girelli, Severini an di Guglielmo hunn de Ball awer net am Filet ënnerbruecht. Op der anerer Säit wär Norwegen mat der éischter Chance virum Téi bal a Féierung gaangen. No enger secker Flank vum Bjelde huet d'Hegerberg et net fäerdegbruecht, de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol ze drécken. No weidere Geleeënheete fir béid Ekippe goufen d'Säite mam 0:0 gewiesselt.
An der 2. Hallschent hat nees Italien de besseren Optakt. An der 50. Minutt huet ee sech dann och mam 1:0 belount. No enger Kombinatioun iwwer riets, stoung d'Girelli an der Mëtt goldrichteg fir de Ball an de Gol ze setzen. Norwegen war elo veronséchert an hat Chance, datt den 2:0 fir Italien an der 54. Minutt wéinst Abseits net gezielt huet. No der italieenescher Drangphas krut Norwegen op der anerer Säit en Eelefmeter gepaff, nodeems d'Linari e Feeler op d'Hegerberg gemaach hat. Déi norwegesch Stiermerin huet awer verschoss. An der 66. Minutt huet d'Hegerberg et awer besser gemaach an no enger laanger Pass an d'Déift den 1:1 markéiert.
An der Suite konnten d'Skandinavierinnen d'Heft an d'Hand huelen an hunn d'Italienerinnen an déi eegen Hallschent gedréckt. An der 86. Minutt huet d'Engen just knapp laanscht de Gol geziilt. Kuerz viru Schluss ass den Italienerinnen awer de Lucky Punch gelongen. An der 90. Minutt hat d'Cantore de Ball an de Strofraum geflankt an d'Girelli konnt de Ball mat Hëllef vun der Lat an de Gol käppen. An der Nospillzäit huet Italien d'Partie geréiert an den 2:1-Virsprong net méi hierginn.