De Weekend geet am nationale Futtball déi nei Saison un. D'RTL-Sportsekipp huet fir Iech eng Virschau op déi eenzel Matcher an Ekippe preparéiert.

Hueschtert - Rouspert

Déi leschte Saison huet d'US Hueschtert als Opsteiger d'Saison op der 10. Plaz ofgeschloss. Dëst wéilt een am Beschten nees widderhuelen oder et besser maachen. Natierlech gouf et iwwer de Summer beim Veräin aus dem Gréngewald och Changementer am Kader. De Lëtzebuerger Stiermer Kenan Avdusinovic huet déi lescht Saison 16 Mol fir déi Gréng-wäiss getraff. Datt hien elo op Nidderkuer gewiesselt ass, mécht sengem fréieren Trainer Marc Thomé awer kee Kappzerbrieches.

En Ëmbroch am Kader gouf et och bei der Victoria Rouspert. Dofir bleift ee bei den Ambitioune fir déi nei Spillzäit och ganz bescheiden. Bei der neier Ekipp, déi sech elo fanne muss, gesäit den däitschen Trainer Martin Forkel d'Stäerkt kloer am Kollektiv.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Hueschtert - Rouspert / Cliff Block

Hesper - Péiteng

Hesper a Péiteng hunn um leschte Spilldag vun der leschter Saison géintenee gespillt. Um éischte Spilldag vun dëser Saison geet et deemno mat deem Duell virun. De Swift konnt d'lescht Saison 2 Mol héich géint Péiteng gewannen - 4:0 doheem an 3:0 auswäerts. Zum Schluss ass d'Ekipp vum Hesper Holleschbierg op déi 6. Plaz komm, d'Union Titus Péiteng op Plaz 9. Allebéid hate sech e bessert Klassement erwaart. Virun allem Hesper hat eng ganz besonnesch Saison. Et war ganz villes lass, haaptsächlech ass den duebele Spillerstreik hänke bliwwen. Enorm vill Spiller si fort gaangen, ënner anerem dee ganz wichtegen Dominik Stolz. 

No villem Hin an Hier konnt de Swift nach seng Finanzen esou an d'Rei kréien, datt nach duerft transferéiert ginn, mee awer eréischt ganz spéit. Et konnt also quasi just aus dem Ausland rekrutéiert ginn, well fir Lëtzebuerger Spiller ze kréien, blouf nach just ronn een Dag nom Accord vun der UEFA. Den Hakim Menai ass genee wéi d'lescht Saison Trainer um Holleschbierg. Vu datt den Hesper Mäzen Flavio Becca net méi am Veräin engagéiert ass a mat méi klenge Sponsere geschafft gëtt, ginn zu Hesper méi kleng Bréidercher gebak. 

D'Union Titus Péiteng huet wärend der Preparatioun den Trainer Kiril Rachev entlooss. Den André Barrela, 24 Joer al, hat eng ganz zolidd Saison fäerdeg bruecht a gouf esouguer vum Nationaltrainer Luc Holtz an de Kader beruff. De Golkipp hofft, eng Kéier Profi am Ausland ze ginn. Präzis ass ee bei der Union Titus Péiteng awer net beim Thema Ambitiounen. Punkto nei Spiller kann ee bei der Union Titus Péiteng festhalen, datt de Gustavo Hemkemeier engagéiert gouf, deen iwweregens och scho beim Swift gespillt huet. Och de fréieren Diddelenger Yannick Schaus ass elo zu Péiteng. Aus dem Ausland gouf zum Beispill de Steve Noode vum FC Schalke 04 engagéiert.


Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Hesper - Péiteng / Serge Olmo

Munneref - Stroossen

Wann een déi finanziell Tabell vum leschte Joer kuckt, da sti béid Veräiner ganz uewen. Sportlech gesinn huet et d'UNA och gepackt an ass fir déi 2. Kéier noeneen an der Conference-League-Qualifikatioun am Asaz. Munneref wëll bestëmmt och eng Kéier dohin. Fir déi nei Saison gouf mam Jeremy Deichelbohrer en neien Trainer engagéiert, deen eng aner Spilliddi an d'Thermalstad brénge wëll. Um Transfertmaart goufe keng Folië gemaach an dat kann dem Grupp nëmmen ze gutt kommen.

Bei der UNA huet se och net vill missen am Kader änneren. D'Titulaire vum leschte Joer konnte quasi all gehale ginn. D'Renforte kéinten de Ricky Delgado an den Tim Hall sinn. Béid Spiller ware schonn am Dress vun de Roude Léiwen an esou brénge se eng gewëssen Erfarung um ieweschten Niveau mat. D'Preparatioun ass wéinst dem Rendez-vous an der Conference League mat Dundee United schonn eng Zäitchen amgaangen. Wann déi Stroossener den Niveau bäihalen, dee se bis elo gewisen hunn. da kann d'Zil nëmme sinn, d'nächst Joer nees op internationaler Bün ënnerwee ze sinn.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Munneref - Stroossen/ Gilles Tricca

Diddeleng - Nidderkuer

Eppes ass fir den Optakt mol sécher. D'Supporter vu béide Veräiner kréie vill nei Gesiichter ze gesinn. Nom enttäuschendem Out an der éischter Ronn vun der Conference League, muss sech Diddeleng am Championnat e bëssen anescht presentéieren, wann een d'nächst Saison nach wëll europäesch ënnerwee sinn. Den F91 huet an all Kompartiment vum Spill e wichtegen Acteur verluer. Souguer de Buteur Samir Hadji huet de Veräin aus der Forge du Sud verlooss. Prominent Transferte gouf et zu Diddeleng net.

Beim Progrès gouf och vill um Kader geschafft. Den Trainer Vivian Reydel huet dann och elo eleng zu Nidderkuer dat sportlecht Soen. Och wann déi finanziell Situatioun net méi esou gutt ass wéi déi Jore virdrun, hunn déi Nidderkuerer en interessante Kader zesummegestallt, wou natierlech gehofft gëtt, datt den Olivier Thill e richtege Plus ka bréngen.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: F91 - Nidderkuer / Gilles Tricca

Jeunesse Esch - Käerjeng

De fréieren techneschen Direkter vun der FLF-Futtballschoul, de Reinhold Breu, huet vun elo un dat sportlecht Soe bei deene Schwaarz-Wäissen. De Kader gouf kräfteg verjéngt an dat mat engem Grapp voll Talenter, déi duerch d'Futtballschoul gaange sinn. Dofir hunn ënnert anerem gestane Spiller wéi Nouidra, Garos an Drif misse Plaz maachen.
 
Och beim UN Käerjeng 97 goufen d'Kaarten nei gemëscht. David Vandenbroek heescht deen neie Mann op der Trainerbänk, dee weiderhi vum Mathias Jänisch assistéiert gëtt. Natierlech gouf och um Kader gefeilt an do ass dem Veräin aus der Brauereisstad mam Transfert vum Lars Gerson e grousse Coup gelongen. De 97-fachen Nationalspiller, dee mat senger ganzer Erfarung fir Stabilitéit soll suergen, konnt sech wärend der Preparatioun schonn e gutt Bild iwwer Stäerkte vu senger neier Ekipp maachen.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Jeunesse - Käerjeng / Cliff Block

Déifferdeng - Biissen

Am Déifferdenger Kader gouf et am Verglach zu der leschter Saison keng Revolutioun. De Guillaume Trani, deen d'lescht Saison ganz wichteg war, ass net méi beim FCD03. De bekanntsten neien Déifferdenger ass de Samir Hadji, de fréiere Buteur vun der Escher Fola an dem F91 Diddeleng.

Beim FC Atert Biissen si vill Lëtzebuerger Futtball-Supporter ganz gespaant op de Parcours vum Opsteiger. Iwwregens si si 2 Mol noeneen opgestigen. Nodeems déi Biissener de Barrage géint Beetebuerg Enn Mee gewanne konnten, konnt sech fir d'Éischt an der Veräinsgeschicht op déi héchst Liga preparéiert ginn. De Kader vum Opsteiger ka sech weise loossen. Nei sinn zum Beispill den Toufik Zeghdane an de Mehdi Terki, déi 2023 mat Hesper Champion goufen. Wichteg bei deene Biissener kéint sinn, datt de fréieren Nationalspiller a fréiere beschte Buteur vum Championnat, den Dave Turpel, no laange Verletzungen nees op Toure kënnt.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Déifferdeng - Biissen / Serge Olmo

Kanech - Mamer

Virun 9 Joer ass d'Jeunesse Kanech fir d'lescht Kéier an d'BGL Ligue opgestigen. Virun zwee Méint ass hinnen dat zu Ettelbréck am Barragematch am Eelefmeterschéisse géint den FC Wooltz 71 gelongen. Am Summer hu sech déi Kanecher och ënner anerem mam 61-fachen Nationalspiller Maurice Deville prominent verstäerkt, deen elo no engem Joer Abstinenz zeréck an der BGL Ligue ass. Als Opsteiger ass de Maintien dacks dat éischt grousst Zil. Donieft wëllen Deville, Roulez a Co. awer och déi grouss Ekippen iergeren.

Nach méi laang op de Retour an d'BGL Ligue huet den FC Mamer 72 gewaart. 18 Joer méi spéit ass d'Ekipp ronderëm de Kapitän Mickaël Jager als Champion nees an déi iewescht Divisioun am nationale Futtball opgestigen. Déi lescht Aventure an der BGL Ligue war no enger Saison am Joer 2007 eriwwer. Zu Mamer ass een also gewarnt an et wëll een de Maintien dës Kéier mat alle Mëttele realiséieren.

D'lescht Saison huet de Mickaël Jager Mamer mat sengen 29 Goler quasi eleng zum Opstig geschoss. Zwar wëll sech de fréiere Stiermer vun ënner anerem Stroossen op keng fix Unzuel u Goler dës Saison festleeën, hofft awer senger Ekipp dës Saison kënnen ze hëllefen.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Kanech - Mamer / Sam Rickal

Rodange - Racing

Um leschte Spilldag vun der leschter Saison ass Rodange nach sou just vun der Barrageplaz fortkomm. Fir et dëst Joer manner spannend ze maachen, hu si sech prominent verstäerkt. De 27-fachen Nationalspiller Aldin Skenderovic ass um nationalen Deadline Day, de 15. Juli vum Swift Hesper bei déi Rodanger gewiesselt. Déi bekanntlech ugespaante Situatioun um Holleschbierg huet mat sech bruecht, datt den Defenseur, obwuel hien nach ee Joer Kontrakt hat, sech kuerzfristeg en neie Challenge huet misse sichen.

No senge Statioune bei ënner anerem Nidderkuer, Diddeleng, Hesper a kuerzzäiteg zu Elversberg an Däitschland huet den Aldin Skenderovic fir déi éischte Kéier bei engem Veräin ënnerschriwwen, deen déi lescht Saison am Tabellekeller stoung. D'Zil ass kloer de Maintien, dofir gesäit hie seng Ekipp och gutt opgestallt.

E weidere Spiller, deen de Swift Hesper dëse Summer verlooss huet, ass den Dominik Stolz. De 35 Joer alen Däitschen huet beim Stater Racing ënnerschriwwen an huet och direkt a sengem éischten offizielle Match fir de Stater Fusiounsveräin, am Conference-League-Allersmatch géint Dila Gori am éischten Tour vun der Qualifikatioun, markéiert. Um Enn gouf d'Ekipp vum Trainer Yannick Kakoko zwar eliminéiert, trotzdeem kuckt den Dominik Stolz zouversiichtlech an déi nei Saison an ass zefridde mat sengem Wiessel.

D'lescht Saison ass de Stater Racing um Enn op der 4. Plaz gelant. Et däerf ee gespaant sinn, wat fir eng Roll de Veräin vum Verluerekascht dës Saison ka spillen.

Virschau op déi nei Saison an der BGL Ligue: Rodange - Racing / Sam Rickal