Déifferdeng setzt sech auswäerts bei The New Saints aus Wales duerch

© Val Wagner (Archiv)
An der 2. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun huet den Artur Abreu bei der 1:0-Victoire den eenzege Gol vum Owend markéiert.
Am Allersmatch vum 2. Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun konnt Déifferdeng sech mat 1:0 bei The New Saints aus Wales duerchsetzen.
An der 1. Hallschent ass op béide Säite wéineg viru béide Goler passéiert. An der 37 Minutt konnt den Abreu no enger flotter Pass an Déift awer den 1:0 fir d'Lëtzebuerger markéieren. D'Heemekipp war veronséchert an Déifferdeng huet mat méi Confiance gespillt. Mam 1:0 fir Déifferdeng sinn d'Säite gewiesselt ginn.
An der 48. Minutt hat den Hadji déi grouss Chance op den 2:0, säi Schoss ass awer laanscht de Gol gaangen. D'Ekipp aus dem Minett stoung weiderhi kompakt an der Ofwier an huet wéineg zougelooss. Am Spill no vir huet een awer déi eng oder aner Méiglechkeet leie gelooss. An der 83. Minutt huet op der anerer Säit den 1:1 fir New Saints wéinst Abseits net gezielt. Obwuel d'Heemekipp alles probéiert huet, sollt et beim knappe Succès fir d'Lëtzebuerger bleiwen.
De Retourmatch gëtt de 29.Juli um 20 Auer zu Lëtzebuerg ugepaff.