En Donneschdeg stoung den zweeten Tour an der Conference-League-Quali um Programm, wou d'UNA vu Stroossen fir déi éischte Kéier dës Saison am Asaz war.

Nodeems e Mëttwoch den FC Déifferdeng 03 den Allersmatch an der Conference-League-Qualifikatioun géint déi walisesch Ekipp The New Saints mat 1:0 gewanne konnt, waren en Donneschdeg déi Stroossener am Asaz, déi et mam schottesche Veräin Dundee United ze dinn haten.

Stroossen muss sech a Schottland mat 0:1 géint Dundee geschloe ginn / Serge Olmo

No 90 Minutten trenne sech den Underdog vu Stroossen an de Favorit vun Dundee mat 0:1. Domadder muss d'UNA vu Stroossen de Retourmatch, deen en Donneschdeg zu Déifferdeng gespillt gëtt, mat zwee Goler Ënnerscheed gewannen.

Dundee United - UNA Stroossen 1:0

1:0 Sapsford

D'Stroossener hunn am bal ausverkaafte Stadion vun Dundee United eng gutt Prestatioun gewisen. Si hu mat Leif a Séil verdeedegt, hu séier no vir gespillt an dëst deelweis mat flotte Kombinatiounen. Esou konnt sech d'UNA an der éischter Hallschent och e puer Chancen erausspillen. Déi geféierlechsten haten déi Stroossener dobäi an der 40. Minutt. Den Hadji huet e Corner an de Strofraum geschloen, un deem de Kucherenko am schottesche Gol laanschtgeflunn ass. De Ball ass uschléissend iwwert Ëmweeër a Richtung eidele Gol gaangen, allerdéngs konnt e schotteschen Defenseur de Ball a leschter Sekonn vun der Linn krazen, ier datt dësen am Gol ageschloe wier. Allerdéngs haten d'Schotten och hir Occasiounen, soudatt den Özcan am Stroossener Gol och déi eng oder aner Kéier op d'Prouf gestallt gouf. Dëst zum Beispill an der 3. Minutt, an där den Trapanovski sech iwwert déi lénk Säit an de Strofraum gedribbelt an ofgezunn huet. Den Özcan huet de kuerzen Eck awer zougemaach a konnt esou de Ball entschäerfen. Déi geféierlechsten Occasioun hat Dundee awer an der 11. Minutt: No enger schéiner Kombinatioun koum de Sevelj, deen dunn eleng virum Stroossener Golkipp opgedaucht ass, am Strofraum un de Ball. Dësen huet virum Özcan allerdéngs Nerve gewisen, soudatt de Golkipp am 1-géint-1 de Ball deviéieren an d'Situatioun entschäerfe konnt. No flotte 45 Minutten huet den Arbitter béid Formatiounen du beim Stand vun 0:0 an d'Kabinne geschéckt.

Nom Téi gouf et fir d'UNA eng äiskal Dusch. Schonns an der 47. Minutt ass de Ball hannert dem Özcan ageschloen. Et war de Sapsford, deen den 1:0 markéiere konnt. Dëse gouf no engem séiere Virstouss vum Dolcek an Zeen gesat, huet mat enger séierer Beweegung säi Géigespiller ausgedanzt an aus gutt 20 Meter flaach ënne lénks ofgeschloss an den Özcan, deen an den aneren Eck ënnerwee war, dobäi um falsche Fouss erwëscht, soudatt dësen dorunner näischt ännere konnt. Nom Géigegol huet Dundee de Stroossener iwwert wäit Strecke vum Match de Ball iwwerlooss, déi sech awer schwéier gedoen hunn, fir d'Lach an der Defense ze fannen, soudatt d'UNA seele virum géigneresche Gol opdauche konnt. Et waren d'Schotten, déi déi besser Occasiounen haten, esou wéi de Stirton an der 72. Minutt. Mä dem Schott säi Schoss konnt vum Özcan laanscht de Potto an de Corner deviéiert ginn. An der 83. Minutt war et am schottesche Strofraum dunn awer nach eng Kéier geféierlech ginn. Dëst nodeems de Myre no engem Corner mam Kapp un de Ball koum, mä de Kucherenko konnt de Ball um Enn entschäerfen, soudatt et beim 0:1 bliwwen ass. Un dësem Score sollt sech och näischt méi änneren, soudatt no 90 Minutten eng Stroossener 0:1-Defaite um Bou steet.