No sengem neie Rekord e Sonndeg op den 100-Meter-Crawl konnt hien och e Méindeg de Moien nees eng nei Beschtzäit iwwer 200 Meter setzen.

Um zweeten Dag vun der Schwamm-WM zu Singapur konnt de Ralph Daleiden Ciuferri seng exzellent Form op en Neits an en nationale Rekord ëmmënzen. Nodeems den 22 Joer jonken Athlet vum Swimming Luxembourg säin eegene Rekord iwwer 100-Meter-Freestyle (Crawl) an der Staffel scho konnt e Sonndeg verbesseren, ass hien e Méindegmoien iwwer 200-Meter-Freestyle (Crawl) eng Zäit vun 1:47.74 Minutt geschwommen. Säin eegenen ale Rekord aus dem Juni louch bei 1:48.47 Minutt. Ënner 59 Konkurrente war dat déi 25. beschten Zäit. De Ralph Daleiden Ciuferri huet an deene leschte Woche seng Beschtzäit ëm bal 2 Sekonne verbessert.

Schonn op der U23-Europameeschterschaft hat den 100-Meter-Crawl-Spezialist mat senger 5. Plaz d’Bronzemedail ëm just 5 Honnertstel verpasst.

Iwwer 100-Meter-Réck konnt de Rémi Fabiani sech a 56.39 Sekonnen op der 42. Plaz klasséieren.

En Dënschdeg ass mam Joao Carneiro deen nächsten FLNS-Schwëmmer iwwer 50-Meter-Brasse am Asaz. D'Schwamm-WM leeft nach bis den 3. August.