Damme vum Racing wannen no Verlängerung géint Athen
E Mëttwoch den Owend stoung fir d'Dammen den éischte Match an der Qualifikatiounsronn fir d'Championsleague-Plazen um Programm.
D'Damme vum Racing hunn e Mëttwoch den Owend hiren éischte Match an der éischter Qualifikatiounsronn fir d'Champions League, déi a Form vun engem Mini-Tournoi gespillt gëtt, gewonnen. No Verlängerung huet een den AEK Athen mat 5:3 geklappt. Zweemol huet de Racing e Réckstand opgeholl an den Ausgläich fir den 3:3 an der regulärer Spillzäit ass an der leschter Minutt gefall. D'Marta Estevez, déi zwee Goler fir de Stater Veräin markéiere konnt, war natierlech richteg frou nom Match.
Duerch d'Victoire steet de Racing beim Mini-Tournoi an der Finall. Hei kritt een et e Samschdeg um 19 Auer mam FC Riga ze dinn. De Veräin aus Lettland hat sech am éischte Match mat 4:1 géint den FC Flora aus Estland behaapt. De Gewënner aus der Partie tëscht dem Racing a Riga packt et an déi zweet Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun.
De Resumé vum Match
Den AEK Athen war e Mëttwoch den Owend beim Racing op Besuch. Béid Formatiounen hu sech an der éischter Hallschent net vill geschenkt a sou ass et zu villen haarden, awer fairen Zweekämpf komm, ouni dass sech eng Säit e klore Virdeel erausspille konnt. Op béide Säite gouf et Gol-Chancen, no 45 Minutten huet een d'Säiten awer mat engem 0:0 gewiesselt.
Et waren d'Damme vum Lëtzebuerger Champion, déi besser an déi zweet Hallschent komm sinn. Knapp 10 Minutte ware gespillt wéi d’Sophie Quatrana de Ball no enger Flank op d’Lat gekäppt a beim Nosetzen de Ball zum 1:0 iwwer d’Linn gedréckt huet.
D’Gäscht aus Griicheland hunn awer séier eng Äntwert fonnt. An der 62. Minutt hu si séier ëmgeschalt an d'Sofia Kongouliden huet den Ausgläich markéiert. Fir d’Lokal-Ekipp sollt et nëmmen 90 Sekonne méi spéit nach méi déck kommen. No engem schonns gekläerte Corner stoung op en Neits d’Sofia Kongouli ganz fräi virum Gol a konnt den 2:1 fir Athen markéieren.
Béid Formatiounen hu lo mat oppenem Viséier gespillt. An der 70. Minutt konnt de Racing dunn nees ausgläichen. Dat mat engem Gol vun der Nationalspillerin Marta Estevez. An der 78. Minutt ass dunn Athen nees a Féierung gaangen. D’Damme vum Racing hunn awer weider dru gegleeft a konnten an der Nospillzäit mat engem wonnerschéine Gol vum Marta Estevez nees ausgläichen. A sou ass et an d’Verlängerung gaangen.
Hei war et de Racing, deen no 30 Sekonnen duerch d'Sophie Quatrana nees a Féierung goe konnt. A kuerz drop gouf et dunn och nach en Eelefmeter fir de Racing. Dësen huet d'Celia Rigaud genotzt, fir fir d‘5:3-Schlussresultat ze suergen.