Am éischte Match vum 2. Spilldag huet sech Diddeleng knapp 3:2 um Käerjenger Dribbel duerchgesat an de Match spéit gedréint.

Wéi schonn um 1. Spilldag géint Nidderkuer huet den F91 Diddeleng och zu Käerjeng de Match spéit zu senge Gonschte gedréint a geet mat 3:2 als Gewënner vum Terrain. Domat steet d'Ekipp vum Trainer Almeida Pinto mol fir 24 Stonnen op der éischter Tabelleplaz. Eng Iwwerraschung an domat och déi éischt Victoire fir d'UN Käerjeng géint den F91 zënter 10 Joer blouf aus.

1080 Spectateuren um Käerjenger Dribbel wollte sech den éischte Match vun hirer Ekipp no engem Joer Abstinenz an der BGL Ligue net entgoe loossen. Si kruten an den éischten an an de leschten 10 Minutte vun der éischter Hallschent e puer gutt Golchancë gebueden, dotëscht war vill Leerlauf. Käerjeng konnt nach virun der Paus den éischte Gol markéieren.

Déi zweet Hallschent hat et dunn a sech. Fir d'éischt konnten d'Gäscht mat der éischter Aktioun ausgläichen, éier de Bellali eng Véierelstonn méi spéit Käerjeng nees a Féierung bruecht huet. D'Lokalekipp hätt duerno op 3:1 fortzéie kënnen, huet de Ball awer laanscht de Gol gesat. Den agewiesselte Azevedo Magalhaes huet an der 70. Minutt fir Diddeleng op e Corner hin ausgeglach a stoung och 11 Minutte méi spéit richteg, fir dass den F91 dräi Punkte mat an d'Forge du Sud hëlt. Fir Käerjeng war et eng batter Saach, well si iwwer wäit Strecken e gudde Match gespillt hunn.

Am zweete Match huet sech de Progrès Nidderkuer mat 1:0 déi éischt Victoire an der Saison géint d'US Munneref geséchert. Béid Ekippen haten um éischte Spilldag mat jee engem Gol de Kierzere géint Diddeleng respektiv Stroossen gezunn. Munneref waart nach ëmmer op den éischte Gol an dëser Saison.

Éischt Victoire de Progrès Nidderkuer
De Gol vum Dag huet de Nidderkuerer Peugnet an der 69. Minutt geschoss.

An der éischter Hallschent kruten déi iwwer 800 Spectateure vu béiden Ekippen net vill gebueden; bis op zwou Chancen an de leschte Minutte war net vill dobäi. Déi bescht Chance huet de Progrès per Eelefmeter an der Nospillzäit leie gelooss.

Den Olivier Thill, den Neizougang bei Nidderkuer, gouf permanent vu senge Matspiller gesicht. Grad am Moment wéi d'Gäscht méi investéiert hunn, huet et am Munnerefer Gol gerabbelt; de Peugnet hat fir Nidderkuer markéiert. Munneref huet sech net opginn an hat an der 78. Minutt déi bescht Chance op den Ausgläich, mee de Ball goung un d'Lat. Den Thill huet den Terrain kuerz viru Schluss wéinst enger Blessur verloosse mussen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

De Resumé vun de Samschdesmatcher - Reportage vum Gilles Tricca

Den Iwwerbléck vun de Resultater

UN Käerjeng - F91 Diddeleng 2:3

1:0 Maison (39'), 1:1 Gomes Soares (48'), 2:1 Bellali (61'), 2:2 Azevedo Magalhaes (70'), 2:3 Azevedo Magalhaes (81')

Progrès Nidderkuer - US Munneref 1:0

1:0 Peugnet (69')

D'Tabell