FLF deelt matLuc Holtz trëtt mat "effet immédiat" zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet per Communiqué matgedeelt, datt de Kontrakt mam Nationaltrainer opgeléist gouf.
© AFP

De Luc Holtz, deem säi Kontrakt Enn des Jores jo bekanntlech net méi verlängert gi wier, huet no Récksprooch mam Conseil d’Administratioun vun der FLF decidéiert, mat effet immédiat als Nationaltrainer opzehalen. Grond dofir wier dem Luc Holtz säi Wonsch, en neien Challenge am Ausland unzegoen.

Dem 56 Joer alen Trainer säin neie Veräin gouf net bekannt ginn. De Luc Holtz war vun 2010 un Trainer vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp.

Liest hei d'Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO