Liverpool mat Optakt-Victoire, Out fir Bremen am DFB-Pokal

© AFP
Lues awer sécher kënnt den internationale Futtball nees un d'Rullen.
E Freideg den Owend war den Optakt vum Championnat an England. Am éischte Match vun der Saison ass de Champion Liverpool op Bournemouth getraff. D'Reds hunn et spannend gemaach, ma um Enn hu si sech déi dräi Punkte geséchert. Liverpool louch no Goler vun Ekitiké (37') a Gakpo (49') mat 2:0 a Féierung. Duerno konnten d'Gäscht allerdéngs duerch zwee Goler vum Semenyo (64', 76') ausgläichen. De Champion huet zum Schluss awer nach emol zeréckgeschloen. D'Jokere Chiesa (88') a Salah (90+4') hunn um Enn fir d'4:2-Victoire gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
A Frankräich war dann och um Freideg den Optakt vum Championnat. Bei eisen Nopere stounge sech Rennes a Marseille géintiwwer. D'Lokalekipp, déi vun der 31. Minutt un duerch eng Rout Kaart vum Ait Boudial an Ënnerzuel war, huet sech duerch e Gol an der Nospillzäit vum Blas (90+1') mat 1:0 behaapt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Da stoungen um Freideg och déi éischt Matcher vun der éischter Ronn am däitschen DFB-Pokal um Menü. Hei huet et direkt ee Veräin aus der 1. Bundesliga erwëscht. Bremen, mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte huet géint de Finalist vun zejoer Bielefeld (2. Bundesliga) mat 0:1 verluer. Op Säite vu Bremen hat de Bittencourt no zwee Foule bannent zwou Minutten déi Giel-Rout-Kaart gesinn. Den decisive Gol huet de Young an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit markéiert.

De Matchwinner vu Bielefeld Isaiah Young. / © FIRO/SID/
Eng Ronn weider sinn dann nach Union Berlin (Bundesliga) no enger 5:0-Victoire géint Gütersloh (Regionalliga West), Leverkusen (Bundesliga) no engem 4:0 géint Großaspach (Regionalliga Südwest) a Magdeburg (2. Bundesliga) no engem 3:1 géint Saarbrécken (3. Liga). Bei de Magdeburger souz de Lëtzebuerger Eldin Dzogovic de ganze Match iwwer op der Bänk.