D'Gäscht aus dem Gréngewald konnte sech géint ganz schwaach Péitenger 2:0 duerchsetzen a bréngen hinnen déi éischt Néierlag bäi.

D'US Hueschtert dierf sech iwwer déi éischt Victoire an dëser Saison freeën. No 90 Minutte stoung et am Stade Municipal vu Péiteng 0:2 fir d'Gäscht. Mat enger Néierlag an engem Gläichspill huet d'Ekipp aus dem Gréngewald elo eng ausgeglach Bilanz um Pabeier stoen. Péiteng bleift no zwee Gläichspiller bei 2 Punkten.

An der Hëtzt vu Péiteng ass et béiden Ekippe schwéiergefall, geféierlech virun de géigneresche Gol ze kommen. Wann, da war et duerch Standardsituatiounen. An der 32. Minutt koum eng Flank vum Leroux iwwer Ëmweeër beim Fernandes un an dee konnt zum 1:0 erasetzen. Mat dësem Resultat goung et och an d'Kabinnen.

Am zweeten Duerchgang blouf Péiteng weider vill schëlleg an huet iwwer 90 Minutte kee wierkleche Schoss op de Gol vun Hueschtert bruecht. D'Gäscht par conter koume mat vill Wëllen aus der Kabinn an haten direkt nom Säitewiessel zwou gutt Chancen. Et huet awer bis zur 62. Minutt gedauert, bis si aus hire Méiglechkeete Kapital geschloen an den zwee Gol markéiert hunn. Hueschtert gewënnt dëse Match verdéngt an huet sech dës Victoire erschafft.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Union Titus Péiteng - US Hueschtert 0:2

0:1 Fernandes (32'), 0:2 Ahmeti (62')

D'Tabell