Olesen trëfft bei Victoire vu Fürth, Arsenal klappt ManUnited

© AFP
Am DFB-Pokal kenne sech nierft Fürth nach Gladbach a Köln fir déi nächste Ronn qualifizéieren. A Frankräich ass de Brian Madjo fir Metz opgelaf.
E Sonndeg stoungen eng selleg Matcher op internationalem Terrain um Programm. Iwwerdeems an Däitschland an a Italien an der Coupe gespillt gouf, sinn an England an a Frankräich déi eischt Matcher am Championnat gespillt ginn. Bei Metz huet de Lëtzebuerger Nationalspiller Brian Madjo mat 16 Joer säin éischte Match fir Metz an der Ligue 1 gespillt.
DFB-Pokal
An der 1. Ronn vum DFB-Pokal huet sech de Gewënner vun 2018 Eintracht Frankfurt beim Oberligist FV Engers souverän mat 5:0 duerchgesat.
Greuter Fürth setzt sech no enger gudder zweeter Hallschent mat 2:0 géint de Regionalligist BW Lohne duerch. De Mathias Olesen, dee virun der Saison bei "Kleeblätter" gewiesselt ass, huet an der 58. Minutt aus kuerzer Distanz den erléisenden Gol fir seng Faarwe markéiert. An der 84. Minutt huet den Noah König den Deckel drop gemaach, sou dass Fürth sech fir déi zweete Ronn am Pokal qualifizéiert huet.
Nawell vill Krempes hat Mönchengladbach géint den Oberligist Atlas Delmenhorst. Nodeems Delmenhorst de Score zwee mol ausgläiche konnt, setzt sech de Favorit aus der Bundesliga no intensiven 90 Minutte mat 3:2 duerch. Schalke ka sech no Verlängerung mat 1:0 géint Lok. Leipzig duerchsetzen an entgeet esou just enger Blamage.
Gléck hat och den FC Köln. Nom Gol vum Bauer an der 66. Minutt louch den FC bis zu 6 Minutt an der Nospillzäit mat 0:1 a Réckstand, an et huet alles dono ausgesi wéi wa Regensburg d'Iwwerraschung géif packen. Bannent 2 Minutten (90+6' a 90+8') huet de Bundesligist mam Martel a Johannesson de Match awer nach konnten dréinen a steet am nächsten Tour.
Den SC Paderborn huet sech mat 3:1 géint den Drëttligist Viktoria Köln duerch gesat. Weider däitlech Victoirë ginn et fir Karlsruhe a Kaiserslautern. An den Owesmatcher ka sech Kiel géint Homburg, Elversberg géint Ulm an Augsburg géint Halle duerchsetzen.
Premier League
FC Chelsea - Crystal Palace 0:0
Tëscht Chelsea a Crystal Palace ass kee Gol gefall. An engem mëttelméissegem Match hate béid Ekippe just e puer offensiv Geleeënheeten e Gol ze markéieren, des goufen awer ob béide Säiten net konsequent zu Enn gespillt.
Nottingham Forest - FC Brentford 3:1
1:0 Wood (6'), 2:0 Ndoye (42'), 3:0 Wood (45+2'), 3:1 Thiago (78')
Nottingham huet virun allem an der 1. Hallschent eng konzentréiert en effektiv Leeschtung gewisen. Nom fréie Gol vum Wood an der 5. Minutt huet den Nodye an der 42' de Score op 2:0 erop geschrauft. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet de Wood mat sengem zweete perséinleche Gol deen nach virun der Paus fir d'Virentscheedung gesuergt huet. Nom Säitewiessel sollt Brentford just nach den Uschloss geléngen.
Manchester United - FC Arsenal 0:1
0:1 Calafiori (13')
Arsenal gewënnt den Optaktmatch am Old Trafford. De Gol vum Dag huet de Riccardo Calafiori an der 13. Minutt markéiert. Domat ass d'Lokalekipp denkbar schlecht an déi nei Saison gestart, well een no enger 15. Plaz an der Tabell an der leschter Saison dëst Joer nees an den ieweschten Drëttel vun der Premier League zeréck. Virun allem an der Ufanksphase hu béid Ekippe schnelle Futtball gewisen - Manchester United hat a Persoun vum Dorgu Pech, de Potto stoung dem Gol am Wee. Alles an allem war et en ausgeglachene Match, bei deem der Lokalekipp d'Effizienz virum Gol gefeelt huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Ligue 1
Stade Brest - OSC Lille 3:3
0:1 Giroud (11'), 0:2 Haraldsson (26'), 1:2 Doumbia (34'), 2:2 Doumbia (51'), 2:3 Mukau (66'), 3:3 Le Cardinal (75')
No engem fulminantem Match deelen sech Brest a Lille d'Punkten. Dobäi huet et no 26 Minutten dono ausgesi wéi wann d'Gäscht de Match ënner Kontroll hätten, louch e zu dësem Zäitpunkt scho mat 2:0 a Féierung. Zwee Goler vum Doumbia hu Brest awer nees zeréck an de Match bruecht, éier de Mukau an der 66. Lille op en Neits a Féierung geschoss huet. De Schlusspunkt sollt de Le Cardinal an der 75. Minutt markéieren, wat gläichbedeitend mam 3:3-Schlussresultat sollt sinn.
SCO Angers - FC Paris 1:0
1:0 Lepaul (9')
FC Metz - Racing Stroossbuerg 0:1
0:1 Panichelli (86')
Bei der Lokalekipp stoung de 16 Joer jonke Brian Madjo direkt um 1. Spilldag an der Ufanksformatioun vum FC Metz. Den zweefache Lëtzebuerger Nationalspiller hat et awer net einfach, an ass an der 59. Minutt fir den Idrissa Gueye ausgewiesselt ginn. Laang huet et no engem 0:0 ausgesinn, éier de Panichelli an der 86. Minutt den entscheedende Gol vum Dag markéiere konnt. Domatt start Metz mat enger Néierlag an déi nei Saison. Opgrond vum Chanceplus fir Stroossbuerg eng verdéngte Victoire fir d'Gäscht.
De Resumé vum Match kennt dir bei eise Kolleege vun RTL Infos liesen.

Brian Madjo / © AFP