Hueschtert wënnt 2:1 géint Kanech
Zum Optakt vum 4. Spilldag stounge sech am Match Phare zwou Ekippe géintiwwer, déi an der Tabell just ee Punkt getrennt huet.
Knapp 400 Spectateuren hunn een éischten Duerchgang ouni vill Golgeleeënheete gesinn, an deem béid Formatioune virun allem duerch Standardsituatiounen an Distanzschëss geféierlech gi sinn. An der 22. Minutt huet de Leroux seng Faarwen no séierem Ëmschalten a Féierung bruecht, a mat deem 1:0 fir d'Lokalekipp sollt et och an d'Kabinne goen. Den Opsteiger vu Kanech huet gutt matgespillt, am leschten Drëttel ass awer net vill zesummegelaf.
No enger knapper Stonn konnt de Fernandes no Flank vum Yans du per Kapp den 2:0 fir d'US Hueschtert markéieren, wouropshin de Match e wéineg un Dynamik verluer huet. Eng 20 Minutte viru Schluss hat den Deville den Uschlossgol um Fouss leien, säi Schoss konnt awer vum Da Silva gehale ginn. An der 85. Minutt konnt de Gomes no Virlag vum Cafafa dunn awer nach verkierzen, um Enn sollt et allerdéngs beim 2:1 fir d'Haushäre bleiwen, déi domat bis e Sonndeg op déi 2. Plaz sprangen.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Hueschtert - Kanech 2:1
1:0 Leroux (22'), 2:0 Fernandes (56'), 2:1 Gomes (85')