BundesligaD'Bayern wanne knapp géint Augsburg, 3:3 tëscht Bremen a Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Stuttgart géint Gladbach gewonnen a Frankfurt konnt sech géint Hoffenheim duerchsetzen.
© AFP

An den anere Ligen goufen et ënner anerem Victoirë fir Manchester United an Chelsea, wärend Atlético net iwwert en 1:1 géint Alaves erauskomm ass.

Bremen huet sech no tëschenzäitlechem 1:3-Réckstand nach en 3:3 géint Leverkusen erkämpft. No engem Feeler an der Bremer Defense huet de Schick fréi den 1:0 fir Leverkusen geschoss. A sengem éischte Match fir d’Werkself huet den Tillman no 35 Minutten den 2:0 markéiert, Bremen konnt awer nach virun der Paus per Eelefmeter verkierzen. An der zweeter Hallschent war et eng Partie op Aenhéicht, ier de Stark wéinst engem Foul am Strofraum vum Terrain gestallt gouf. De Schick huet den Eelefmeter verwandelt, woumat de Match entscheet geschéngt huet. Duerch ee Feeler vum Flekken am Leverkusener Gol ass Werder awer nach den zweete Gol gelongen, ier dee jonke Coulibaly an der Nospillzäit tatsächlech nach den 3:3 schéisse konnt.

Hoffenheim hat zwar am éischten Duerchgang méi de Ball, d’Gäscht aus Frankfurt waren am leschten Drëttel awer déi méi konsequent Ekipp. Duerch zwee Goler vum Doan louch d’Eintracht esou no enger knapper hallwer Stonn schonn 2:0 a Féierung. Direkt nom Säitewiessel huet den Uzun nach een dropgesat an domat scho fir d’Virentscheedung gesuergt. Nom spéide Gol vum Prömel huet et um Enn 1:3 geheescht.

An enger ausgeglachener Partie tëscht Stuttgart a Gladbach hat de Stöger vun de Gäscht no 50 Minutten déi bescht Chance, säi Schoss ass awer iwwert de Gol gaangen. An der Schlussphas huet den Andres du per Kapp den decisiven 1:0 geschoss, op deen d’Borussia keng Äntwert méi fonnt huet.

No der däitlecher Defaite zum Optakt konnt RB Leipzig sech souverän mat 2:0 géint Heidenheim behaapten. No enger Ufanksphas, an där béid Ekippen eng Rei Chancen haten, huet RB d’Kontroll iwwerholl an ass no der Paus verdéngt a Féierung gaangen. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Romulo d’Partie mam zweete Gol entscheet.

Um Samschdegowend hunn d’Bayern nach eng knapp 3:2-Victoire zu Augsburg gefeiert. D’Bayern hunn dominant ugefaangen a konnten no enger knapper hallwer Stonn duerch de Gnabry a Féierung goen. An der Nospillzäit vum éischten Duerchgang huet de Neizougang Diaz nach een dropgesat. Nom Säitewiessel konnt den Olise den drëtte Gol vum Dag schéissen, de Jakic huet seng Faarwen awer kuerz drop mam 1:3 am Match gehalen. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Kömür nach eemol verkierzt an d’Partie nees spannend gemaach, um Enn sollt et awer beim knappe Score bleiwen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO