An der 1. Ronn vum European Cup am Handball gouf et an den Allersmatcher eng knapp Defaite fir den HBD, wärend Esch eng däitlech Victoire feiere konnt.

No engem ausgeglachene Start an der Partie tëscht dem HB Diddeleng an HC Butel Skopje ass d'Ekipp aus Nordmazedonien no ronn 10 Minutte besser ginn a konnt mat engem Avantage vu 4 Goler an d'Paus goen. Am zweeten Duerchgang ass d'Ekipp aus der Forge du Sud e puer Mol op ee Gol erukomm, d'Nordmazedonier konnten awer ëmmer nees dovun zéien. Um Enn ass et domat beim Réckstand vu 4 Goler bliwwen, soudass den HBD sech 27:31 (13:17) muss geschloe ginn. De Retourmatch gëtt den 13. September an Nordmazedonien gespillt.

Fir den HB Esch ass et doheem géint RK Vogošca däitlech besser gelaf. No enken éischten 20 Minutten ass deenen Escher virun der Paus ee 5:0-Laf gelongen, duerch deen et mat 18:12 an d'Kabinne gaangen ass. Den HB Esch konnt dësen Avantage de ganzen zweeten Duerchgang iwwer verdeedegen an zum Schluss souguer nach däitlech ausbauen, soudass ee sech um Enn iwwert eng 42:31-Victoire freeë kann. De Retourmatch ass schonn e Sonndeg um 18 Auer.

Déi aner zwee lëtzebuergesch Vertrieder bei den Hären, Déifferdeng a Bierchem, si spillfräi a gräifen eréischt am 2. Tour an.