An der Bundesliga konnt Leverkusen déi éischt Victoire vun der neier Saison feieren, iwwerdeem Olympique Marseille an der Ligue 1 doheem wanne konnt.

Bundesliga - 3. Spilldag

Leverkusen - Frankfurt 3:1

Bayer Leverkusen ka seng éischt Victoire fir dës Saison feieren. Den Trainer Kasper Hjulmand hat d'Ekipp gutt opgestallt fir de Match géint Frankfurt, déi eigentlech gutt a Form waren. 
An der éischter Hallschent huet Leverkusen awer kloer dominéiert an ass duerch Goler vu Grimaldo no 10 Minutten a Schick no 45+4 Minutten verdéngt mat 2:0 an d'Kabinne gaangen.

RTL

© AFP/INA FASSBENDER

Frankfurt konnt awer an der 52. Minutt den 2:1 schéissen, dat duerch den Uzun an et war nees Hoffnung do. An der 59. Minutt huet de Kapitän vu Leverkusen, de Robert Andrich déi Giel-Rout-Kaart gesinn an et huet geheescht zu 10 den 2:1 ze halen. 
Frankfurt huet nach emol alles no vir geheit, ma och d'Nospillzäit sollt net duergoen, fir nach den Ausgläich ze realiséieren. Vun der 92. Minutt u war Leverkusen souguer just nach zu 9 um Terrain, nodeems och den Ezequiel Fernandez déi zweet giel Kaart gewise krut an huet mussen an d'Kabinnen. Trotz Ënnerzuel ass Leverkusen an der 90+8. Minutt souguer nach den 3:1 gelongen, dat no engem direkte Fräistouss vum Grimaldo.

Ligue 1 - 4. Spilldag

Olympique Marseille - FC Lorient 4:0

Marseille hat keen einfache Start an d'Saison. Géint Stade Rennes gouf et um 1. Spilldag eng Néierlag an och kéint Olympique Lyon gouf et keng Punkten. 3 Punkte gouf et just géint den FC Paris um 2. Spilldag. Géint den FC Lorient huet deemno eng Victoire mussen eraussprangen. Lorient huet dann och fréi dozou bäigedroen... well no just 10 Minutte krut den Darlin Yongwa eng rout Kaart.

RTL

© Christophe Simon / AFP

De Mason Greenwood huet den 1:0 op Eelefmeter hi geschoss. An der 20. Minutt huet de Pavard op 2:0 erhéicht a just 13 Minutte méi spéit war et den Angel Gomes, dee fir Marseille den 3:0 geschoss huet. Mat deem Score ass et an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet et bis déi 93. Minutt gedauert, bis sech nach eppes gedoen huet, an deem Fall de 4:0 zu Gonschte vu Marseille. Getraff huet den Nayef Aguerd. Kuerz dono gouf ofgepaff. Lorient bleift no 4 Spilldeeg bei 3 Punkten, iwwerdeem Marseille déi zweet Victoire feiere kann.

RTL

© AFP/Christophe Simon