Am zweete Match setzt sech Käerjeng mat 3:0 am Derby géint Péiteng duerch. Fir Käerjeng ass et déi 1. Victoire an dëser Saison.

Fir den Optakt vum 6. Spilldag an der BGL Ligue ass et viru 712 Spectateuren zum Derby tëscht Käerjeng a Péiteng komm. Et awer keen héichklassege Match, an et huet e misse Gedold matbréngen, bis een déi éischt richteg Geleeënheet gesinn huet. No ronn 20 Minutten ass Péiteng duerch den Arab fir d’éischt geféierlech ginn, an och an der 32. Minutt huet hien nach emol fir Gefor gesuergt. Nodeems de Barbaro an der 36. Minutt am Strofraum gefoult ginn ass, huet de Boutrif  fir d'Lokalekipp sécher vum Punkt markéiert, an ass mat 1:0 an d'Kabinne gaangen.

Am zweeten Duerchgaang huet Péiteng versicht de Match u sech ze zéien, ouni sech awer zwéngend Chancen eraus ze spillen. D'Lokalekipp huet zu dësem Zäitpunkt d'Resultat verwalt an huet op Kontere gelauert. Dëst Spilliddi sollt dann och vun Erfolleg gekréint ginn. An der 84. Minutt huet de Bellali fir d'Entscheedung gesuergt éier de frësch ageluechte Mabwati kuerz viru Schluss nach den 3:0-Endstand markéiert huet.

Péiteng bleift mat 2 Punkten elo op der leschter Tabelleplaz iwwerdeems Käerjeng elo 4 Punkten huet.

Am zweete Match vum Owend muss sech Nidderkuer mat 0:1 géint Stroossen geschloe ginn. An deenen éischte 45 Minutten ass et hin an hier gaangen. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an et war e ganz equilibréiert Match tëscht béid Formatiounen. Stroossen hat déi besser Golchancen, sollt awer d'Effizienz virum Gol vermessen loossen. Am zweeten Duerchgaang ass de Match e bëssen verflaacht. Stroossen war wuel spillbestëmmend, de Nogueira huet awer 2 gutt Chance leie gelooss. An der 76. Minutt wollt de Peugnet no enger Flank vum Perez de Ball klären, huet de Ball awer an deneegene Filet degagéiert. D’Una louch a Féierung an huet de Virsprong dann och iwwert Zäit bruecht. Stroossen leit mat 13 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell, Diddeleng kann awer um Sonndeg nach laanscht zéien.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Un Käerjeng - Union Titus Péiteng 3:0

1:0 Boutrif (36'), 2:0 Bellai (84'), 3:0 Mabwati (90+3')

Progrès Nidderkuer - Una Stroossen 0:1

0:1 Peugnet (76', Selbstgol)

D'Tabell