
An der italieenescher Serie B feiert de Seid Kovac mam FC Venedeg eng 2:0 Victoire géint Spezia Calcio. Dobäi huet de Seid Korac an der 54. Minutt säin 1. Gol fir seng nei Ekipp markéiert an esou fir d’Entscheedung am Match gesuergt.
A Polen huet de Sebastien Thill a Rzeszow mat 3:2 géint Stal Mielec gewonnen. Den entscheedenden Gol zum 3:2 huet de Lëtzebuerger an der 89. Minutt virbereet.
Mat 0:4 verléiert den FC Winterthur an der Schwäizer Super League géint Servette Genf. De Marvin Martins, deen am Summer bei Winterthur gewiesselt ass, huet de ganze Match fir seng nei Ekipp um Terrain gestanen. Winterthur huet no 7 Matcher 2 Punkten um Konto a steet aktuell op der leschter Plaz an der Tabell.
De Laurent Jans huet mat Beveren 2:1 géint Seraing gewonn. De Kapitän vun der Nationalekipp huet 90 Minutte gespillt a war och hei de Kapitän vu senger Ekipp. Beveren leit an der Tabell vun der Challenger Pro League an der Belsch op der 1. Plaz.
Den Danel Sinani zitt mat St. Pauli 1:2 de Kierzeren géint Leverkusen. Dobäi stoung de Offensivspiller de ganze Match um Terrain vun den Hamburger. An der 73. Minutt hat den Danel Sinani eng gutt Chance, de Flekken sollt säi Schoss aus 22 Meter awer paréieren. Pauli leit no 5. Spilldeeg aktuell bei 7 Punkten.
An der 2. Bundesliga an Däitschland stoung den Eldin Dzogovic bei Magdeburg net am Kader. Magdeburg huet sech um Samschdeg de Mëtteg misse mat 0:1 beim Karlsruher SC geschloe ginn.
Ajax Amsterdam huet sech an der Hollännescher Eredivise mat 2:1 géint Breda duerchgesat. Bei Breda souz den Enes Mahmutovic de ganze Match iwwer op der Bänk.
An der 2. Liga an Éisträich huet den Dirk Carlson mat St. Pölten souverän mat 4:0 géint déi zweet Ekipp vu Strum Graz gewonnen. Dobäi stoung de Nationalspiller 90. Minutten iwwer um Terrain. St. Pölten ass an der Tabell weiderhi souverän op der 1. Plaz, mat 7 Punkte Virsprong op Austria Klagenfurt.
Greuther Fürth huet e Freideg den Owend an der 2. däitscher Bundesliga mat 0:1 op Schalke de Kierzere gezunn. Op Fürther Säit huet de Mathias Olesen vun Ufank u gespillt, éier hien an der 62. Minutt fir de Green ausgewiesselt gouf. De Gol vum Dag huet de Porath an der 77' geschoss. Fürth huet no 7 Spilldeeg 9 Punkten um Konto a befënnt sech am Mëttelfeld vun der 2. Liga erëm.
Benfica Lissabon huet a Portugal mat 2:1 géint Gil Vincente gewonnen. De Leandro Barreiro stoung op en Neits net an der Starteelef vu Benfica an ass an der 68. Minutt beim Stand vun 2:1 fir de Schjelderup agewiesselt ginn.
De Florian Bohnert spillt an der Ligue 2 a Frankräich mat senger Ekipp SC Bastia 0:0-Gläich géint Grenoble Foot.
An der Super Liga a Serbien huet den Olli Thill fir de Kont vum 10. Spilldag mat Novi Beograd 0:2 géint Radnik Surfulica verluer. An der 71. Minutt gouf den Thill fir de Keita ausgewiesselt.