Wie gëtt bei den Hären den Nofollger vum VC Stroossen?

© Serge Olmo / RTL
De Weekend fänkt d'Championnat am nationale Volleyball un.
An de leschte 4 Joer huet de VC Stroossen mat 4 Doubléstitelen den Härevolleyball dominéiert. Schonn an der leschter Saison hat sech awer e Wiessel ugedeit. 3 Mol konnt de Volley Bartreng géint Stroossen gewannen, ouni um Enn awer ganz uewe stoen ze kënnen. An der Supercoupe déi lescht Woch huet de VC Fenteng mat engem 3:2 géint den Titelverdeedeger iwwerrascht.
De VC Stroossen ass am Ëmbroch. Zwee vun hire beschte Spiller sinn zréck a Brasilien gewiesselt an déi nei Recruen nach net zu 100% integréiert. Rezent koumen dunn och nach d'Blessure vum MVP vu leschter Saison Mateja Gajin an dem Nationalspiller Ryan Matilde da Luz dobäi. Et wäert eng Zäitchen dauere bis déi Stroossener Maschinn rodéiert ass.
Beim Finalist vun zejoert Volley Bartreng gouf probéiert, de Mëttelblock ze verstäerken an en zousätzleche Passeur soll fir weider Alternative suergen. Nodeems kuerz virun de Finalle lescht Joer den Trainer gewiesselt gouf, dierf de Juan Pablo Stutz elo vun Ufank un d'Fiedem iwwerhuelen.
De VC Luerenzweiler huet sech och mat engem zweete Passeur verstäerkt, deen dem Trainer Serge Karier nach méi taktesch Méiglechkeete wäert ginn. Mat engem stabille Kär ronderëm de Chris Zuidberg wëlle si endlech den zweete Championstitel (no 2005) gewannen.
Um Holleschbierg huet de VC Fenteng et fäerdeg bruecht, mam Sébastien Dobre an dem Michail Constantinou zwee jonk Lëtzebuerger bei sech ze zéien. Domat geet hiren Altersduerchschnëtt konsequent erof. Datt mat hinnen ze rechnen ass, hu si mat der Victoire an der Supercoupe scho bewisen. No Stroossen steet dann e Sonndeg, am leschte Match vum éischte Spilldag, mam VC Luerenzweiler direkt eng weider haart Noss um Programm.
Beim CHEV Dikrech setzt den Trainer Patrick Wagner op e Mix tëschent ganz erfuerenen a ganz hongerege Spiller. Tëschent dem eelste Spiller am Kader, Everton d'Almeida, an dem Jéngsten, Tim Mangen, leie ganzer 25 Joer.
Och op jonk Talenter setzt de Volleyball Iechternach. Wéinst engem administrative Feeler kann de Radek Rzymianski, dee vum VC Luerenzweiler gewiesselt ass, eréischt vum Dezember u spillen. Bollendorff a Co sinn awer zouversiichtlech, datt sech hir Aarbecht aus de leschte Méint wäert bezuelt maachen. Zil ass et, "déi Grouss ze nerven". Um éischte Spilldag steet hinne mam VC Stroossen den aktuelle Champion géintiwwer.
Nodeems Constantinou an Dobré vun Esch a Richtung Fenteng gezu sinn, gëtt et fir de Klubb aus dem Minett sécher eng schwéier Saison an där et drëm geet, eegenen Talenter Spillpraxis ze ginn a wa méiglech déi lescht Plaz ze evitéieren, fir sech iwwer de Barragematch an der MIXVOIP League halen ze kënnen. Géint de Volley Bartreng dierft et allefalls am Optaktmatch vun der neier Saison ganz schwéier ginn.
No engem Joer an der éischter Divisioun ass de VB Amber-Lënster nees zréck um héchsten Niveau. Ouni Verstäerkung aus dem Ausland versiche si sech genee ewéi den Escher VBC an der Liga ze halen. 2 nei Spiller stinn am Kader: Den Tom Engeldinger an de Yann Weirig si vum VC Luerenzweiler eriwwer gewiesselt. Um éischte Spilldag geet et op Dikrech, wou si Befreit opspille kënnen.