Futtball op der TéléAccord tëscht RTL, FLF an CMCM: Emissioun Goal gëtt bis 2022 verlängert

RTL Lëtzebuerg
D'Frënn vum Lëtzebuerger Futtball kënne sech freeën, well d'Emissioun Goal gëtt ëm 3 Joer op RTL Télé Lëtzebuerg verlängert.
Op der Foto (vu lénks no riets): 1. Rei - Fabio Secci (Directeur Général CMCM), Paul Philipp (President FLF), Christophe Goossens (CEO RTL Luxembourg), Albert Glod (President CMCM), Christian Schmitz (Direkter IP Luxembourg); 2. Rei - Erny Decker (Chef du personnel FLF), Marc Diederich (Juriste FLF), Marco Richard (Membre du conseil d’administration de la FLF), Fernand Fischer (Vice-Président CMCM), Jean-Jacques Schonckert (Vice-président FLF) an Tom Flammang (Head of Sports RTL Luxembourg).

Dëse Méindeg, 13. Mee hunn RTL, d’FLF an den neie Partner CMCM (Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste) eng Kollaboratioun fir 3 Joer ënnerschriwwen, mat där d’Emissioun Goal op RTL Télé Lëtzebuerg bis 2022 verlängert gëtt.

De Futtballmagazin Goal leeft 34 Mol am Joer, ëmmer méindes owes um 20 Auer op der Télé. E gëtt en Abléck an déi Lëtzebuerger Futtballswelt, mat aktuelle Matcher an Hannergrondreportagen.

Back to Top
CIM LOGO