ALL GOL AM VIDEO - Champions LeagueAjax-Juve 1:1, Barcelona wënnt bei Man. United 1:0

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stoungen an der Kinneksklass vum europäesche Futtball d'Allermatcher vun den zwou leschte Véierelsfinallen um Programm.
Mat engem herrleche Kappball huet de Cristiano Ronaldo den 1:0 fir d'Juve geschoss.
Mat engem herrleche Kappball huet de Cristiano Ronaldo den 1:0 fir d’Juve geschoss.
© AFP

Nodeems sech en Dënschdeg Tottenham doheem 1:0 géint Manchester City duerchsetze konnt a Liverpool bei sech doheem Porto mat 2:0 geklappt hat, hunn um Mëttwoch den Owend an deenen aneren zwou Véierelsfinallen Ajax Amsterdam géint Juventus Turin a Manchester United géint den FC Barcelona gespillt.

Iwwerdeems et tëscht Ajax an der Juve kee Gewënner gouf, konnt sech Barça bei United duerchsetzen.

Champions League - De Resumé vum Jeff Kettenmeyer

RTL-NEWS iwwer d’Matcher vum Dënschdeg: All Gol am Video - Champions League: Liverpool klappt Porto, Tottenham schléit Manchester City.

D’Retourmatcher ginn ewell déi aner Woch gespillt: En Dënschdeg Juve-Ajax a Barça-Man. United, e Mëttwoch Porto-Liverpool a Man. City-Tottenham.

Um 2. RTL an op RTL.lu weise mir LIVE en Dënschdeg Juve-Ajax an e Mëttwoch Man. City-Tottenham.

Ajax Amsterdam - Juventus Turin 1:1

An der Partie vun Ajax géint Juve huet sech dat Decisiivt kuerz virun an direkt no der Paus ofgespillt: An der 45. Minutt huet de Ronaldo nämlech eng flott Attack vun Turin mat engem herrleche Kappball ofgeschloss, esou datt et 1:0 fir d’Juve an der Paus stoung.

Den Neres mam 1:1-Ausgläich.
Den Neres mam 1:1-Ausgläich.

Ma direkt nodeems déi zweet 45 Minutte ugepaff gi waren, konnt den Neres ausgläichen. Dat war an der 46. Minutt. Un der Mëttellinn huet hien de Ball erkämpft, ass domat bis an de Strofraum gezunn an huet du laanscht quasi déi ganz italienesch Defense wonnerbar an de Gol gesat.

VIDEO: CL: Ajax Amsterdam-Juventus Turin 1:1
De Resumé vum Allermatch vun der Véierelsfinall an der Champions League.

Et war eng ganz engagéiert Partie zu Amsterdam: Déi éischt Hallschent huet Ajax gedréckt an d’Juve mat Amenter dronke gespillt, an der zweeter huet déi awer och ëmmer nees hir Klass opblëtze gelooss.

Ma well soss keng Goler méi gefall sinn, ass et beim 1:1 bliwwen. Wéinst dem Auswäertsgol kee schlecht Resultat fir d’Italiener, virausgesat si loosse sech am Retourmatch net esou iwwerrasche wéi Real Madrid, deen doheem jo 1:4 géint Ajax verluer hat.

Manchester United - FC Barcelona 0:1

Eng Zeen an der 12. Minutt huet d’Partie tëscht United an dem FCB entsteet: No engem Videobeweis gouf nämlech e Gol ginn, e Selbstgol vum Shaw, no enger Aktioun vum Suares, deen dunn awer net am Abseits gewäert gouf.

VIDEO: CL: Manchester United - FC Barcelona 0:1
Déi bescht Zeene vum Match.

Alles an allem kann ee soen, datt d’Partie géint Barcelona gewisen huet, wou déi spilleresch Grenze vu United sinn, och wa Barcelona kaum gutt Golgeleeënheeten hat.

Fir Manchester United dierft et awer schwéier ginn am Retourmatch, ma scho géint de PSG huet d’Ekipp vum Trainer Solskjaer gewisen, wat se amstand ass ze maachen ... ob hir dat eng weider Kéier geléngt?

Back to Top
CIM LOGO