
Am Grupp C huet sech Ajax mat enger 3:1-Victoire zu Dortmund dräi Punkte geséchert a steet domat an den Aachtelsfinallen. Sporting Lissabon huet Besiktas am eegene Stadion mat 4:0 iwwerrannt.
Leipzig huet am Grupp A duerch e spéiden Eelefmeter nach 2:2 géint de PSG gespillt. Manchester City konnt sech mat 3:1 géint Club Bruges behaapten a steet duerch déi dräi Punkte mat engem Been an der nächster Ronn.
Am Grupp B steet mat Liverpool e weideren Aachtelsfinalist fest. D’Reds hu sech un der Anfield Road mat 2:0 géint Atlético Madrid duerchgesat. Am anere Match tëscht Porto a Mailand gouf et bei engem 1:1 kee Gewënner.
Fir Sheriff gouf et am Grupp D géint Inter Mailand och am Retourmatch näischt ze huelen. Bei der 1:3-Defaite zu Tiraspol konnt de Sébastien Thill awer nach de Gol fir den Traoré virbereeden. Real Madrid huet iwwerdeems eng 2:1-Victoire géint Shakthar gefeiert.
Dortmund - Ajax 1:3
1:0 Reus (37'), 1:1 Tadic (72'), 1:2 Haller (83'), 1:3 Klaassen (90+3')
No der klorer 0:4-Defaite zu Amsterdam wollt Dortmund mat den eegene Supporter am Réck eng Äntwert weisen. An der 8. Minutt hat de Bellingham dann och d’Chance op den 1:0, ma de jonken Englänner huet de Ball mam Kapp laanscht de Gol gesat. De BVB war weider gutt am Match, huet an der 30. Minutt dann awer duerch eng ëmstridde Rout Kaart fir den Hummels an Ënnerzuel misste weiderspillen. Ronn 10 Minutte méi spéit huet den Arbitter nom Asaz vum Videobeweis op Eelefmeter entscheet, deen de Reus am Gol ënnerbrénge konnt.
Nom 1:0 konnt Ajax dann nees méi Drock opbauen, ma am éischten Duerchgang huet sech um Spillstand näischt méi geännert.
No der Paus huet d’Ekipp aus Amsterdam weider gedréckt a fir Dortmund ass et ëmmer méi schwéier ginn d’Féierung ze halen. Ronn 20 Minutte viru Schluss war et dann den Tadic, dee fir d’Gäscht de verdéngten Ausgläich markéiere konnt.
Et huet ee gemierkt dass Ajax nach net genuch hat a sou gouf et an der 83. Minutt dann och den 2:1 duerch den Haller.
Ajax huet sech awer nach net zefridde ginn an huet am Numm vum Klaassen an der Nospillzäit d’Partie entscheet.
Wärend d’Ekipp aus Amsterdam duerch déi véiert Victoire am véierte Match an der Aachtelsfinall steet, gëtt et fir Dortmund am Kampf ëm d’K.O.-Phas nach eng Kéier spannend.
Sporting - Besiktas 4:0
1:0 Pedro Goncalves (31'), 2:0 Pedro Goncalves (38'), 3:0 Paulinho (41'), 4:0 Sarabia (56')
Leipzig - PSG 2:2
1:0 Nkunku (8'), 1:1 Wijnaldum (21'), 1:2 Wijnaldum (39'), 2:2 Szoboszlai (90+2‘, Eelefmeter)
Manchester City - Club Bruges 3:1
1:0 Foden (16'), 1:1 Stones (18'), 2:1 Mahrez (54'), 3:1 Sterling (72')
Liverpool - Atlético Madrid 2:0
1:0 Diogo Jota (13'), 2:0 Mané (21')
AC Mailand - FC Porto 1:1
0:1 Luis Diaz (6'), 1:1 Mbemba (61')
Sheriff - Inter Mailand 1:3
0:1 Brozovic (54'), 0:2 Skriniar (66'), 0:3 Sanchez (82'), 1:3 Traoré (90+2')
Sheriff huet wéi och schonn am San Siro de Match géint Inter Mailand mat 1:3 verluer. No de Goler vum Brozovic, Skriniar a Sanchez ass der Ekipp vun Tiraspol dann nach an der Nospillzäit den 1:3 gelongen, dee vum Sébastien Thill virbereet gouf.
Real Madrid - Shakthar 2:1
1:0 Benzema (14'), 1:1 Fernando (39'), 2:1 Benzema (61')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.