Europa LeagueAjax verléiert géint Roum, Arsenal nëmme mat Remis géint Prag

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war den Optakt vun de Véierelsfinallen an der Europa League.
© AFP (Archiv)

Manchester United huet sech eng gutt Ausgangspositioun geséchert. Si wannen nämlech net nëmmen den Allersmatch mat 2:0 géint Granada, ma hu gläichzäiteg zwee wichteg Auswäertsgoler geschoss.

Am Match tëscht Arsenal a Slavia Prag sollt et um Enn kee Gewënner ginn. D’Ekipp vu London ass duerch e spéide Gol vum Pépé mat 1:0 a Féierung gaangen, huet an der 93. Minutt awer den Ausgläich missen astiechen.

Och am Match tëscht Ajax a Roum gouf et ee spéide Gol. D’Roma konnt an der 87. Minutt den 2:1 markéieren a geet mat 2 Auswäertsgoler am Réck an de Retourmatch.

A Villareal huet iwwerdeems mat 1:0 zu Zagreb gewonnen, dat duerch en Eelefmeter vum Gerard kuerz virun der Paus.

D’Resultater am Iwwerbléck

FC Granada - Manchester United 0:2
0:1 Rashford (31'), 2:0 Bruno Fernandes (90')

FC Arsenal - Slavia Prag 1:1
1:0 Pépé (86'), 1:1 Holes (90+3')

Ajax Amsterdam - AS Roum 1:2
1:0 Klaassen (39'), 1:1 Pellegrini (57'), 1:2 Ibanez (87')

Dinamo Zagreb - FC Villareal 0:1
0:1 Gerard (44')

Back to Top
CIM LOGO