
E Sonndeg gouf et bei der Karate-EM op Zypern eng Bronzemedail fir Lëtzebuerg. Am Kumite vun de Junioren iwwer 76 Kilo konnt den Alexander Davies sech an der klenger Finall mat 4:3 géint de Serb Ugljesa Pejovic behaapten a sech domat déi drëtt Plaz sécheren.