Biathlon-Weltcup zu AntholzAlexander Loginow séchert déi éischt Plaz am Eenzel

RTL Lëtzebuerg
Fir de Russ ass et déi éischte Victoire am Biathlon-Weltcup zanter engem Joer.
© AFP (Archiv)

E Freideg stoung am Biathlon-Weltcup bei den Hären een Eenzel um Programm. No 20 Kilometer an engem feelerfräie Schéisse konnt sech den Alexander Loginow d’Victoire sécheren. De Russ huet sech bei sengem drëtten Erfolleg am Weltcup kloer viru senge Konkurrente behaapt.

De Loginow, deen tëscht 2014 an 2016 wéinst Bluttdopping gespaart war, war sech nom leschte Schéissen op de Bengel getrëppelt an hat e puer Honnert Meter ouni Hëllef misse lafen, ma säi Virsprong war grouss genuch, sou datt seng Victoire ni a Gefor war.

Op déi zweete Plaz ass den Norweger Holm Laegreid gelaf. Hien hat e Retard vun 58,5 Sekonnen. Um Podium stoung nach de Fransous Fillon Maillet, dat mat engem Réckstand vun enger Minutt, 10 Sekonnen a 6 Honnertstel. Béid Biathleten haten zwee Mol donieft geschoss a kruten dowéinst 2 Strofminutten.

Bei den Damme war d’Lisa Theresa Hauser en Donneschdeg am Eenzel iwwer 15 Kilometer déi Bescht. D’Éisträicherin huet sech trotz engem Feeler kloer duerchgesat. D’Ukrainerin Julia Dschima hat ouni Schéissfeeler als Zweet e Retard vun 43,7 Sekonnen. Um Podium stoung nach d’Anais Chevalier-Bouchet. D’Franséisin hat ee Mol donieft geschoss an um Enn e Retard vun enger Minutt a 4 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO