NBA-FinalsAm 1. Match hunn d'Boston Celtics kloer géint Golden State Warriors gewonnen

RTL Lëtzebuerg
Ab der Serie Best-of-Seven läit Boston elo 1:0 vir, dat nodeems se auswäerts géint d'Golden State Warriors gewonnen hunn, mat 120:108.

Et war déi 1. Néierlag doheem fir d’Warriors an de Playoffs.

Virum leschte Véierel loung Boston nach mat 80:92 zeréck, hunn dunn awer massiv opgedréint an haten e Laf vu 17:0.
De Superstar vun de Warriors, de Stehp Curry, koum op 34 Punkten, den Andrew Wiggins op 20 an de Klay Thompson op 15. Ma dat sollt net duergoen, fir sech géint d’Celtics duerchzesetzen.

Topscorer bei Boston war den Al Horford, deen 11 vu senge 26 Punkten am leschte Véierel geschoss huet.

An der Nuecht op e Méindeg ass den 2. Match vun den NBA-Finals. 4 Matcher muss eng Ekipp gewannen, fir sech den Titel ze sécheren.

Back to Top
CIM LOGO