Traureg Nouvelle aus dem Sport-JournalismusAm Alter vun 79 Joer ass de Paul Wagner gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war zanter 2004 a bis zu sengem Doud Generalsekretär vum Sportjournaliste-Verband.
© sportpress.lu

Do dernieft war de Paul Wagner President vun de Commission des Trophéss, déi all Joer d’Kandidaten zesummestellt, fir op d’Lëscht vum Sportler vum Joer ze kommen.

De Paul Wagner huet bis zu sengem Doud nach fir D’Tageblatt geschafft an als fräie Mataarbechter war hien och laang Jore fir RTL aktiv. Virun allem als Reporter vu Basketmatcher.

D’RTL-Ekipp dréckt der Famill hiert häerzlecht Bäileed aus.

© sportpress.lu

Back to Top
CIM LOGO