Fréiere COSL-President Marc Theisen"Am Futtball komme si nees mat zwee Féiss op de Buedem zeréck"

RTL Lëtzebuerg
A kenger Sportaart ginn esouvill Suen transferéiert wéi am Futtball. Dat dierft och an Zukunft de Fall sinn, ma dëse Summer wäert et wuel méi roueg ginn.
© pressphoto (Archiv)

De fréieren COSL-President, Marc Theisen, dee sech als Affekot op Sport-Recht spezialiséiert huet ass awer der Meenung, dass wéinst der Corona-Kris, dëst Joer ee ganz rouegen Summer Mercato wäert ginn. “Dass mir wäit ewech leie vun deenen Zommen, déi mir a leschter Zäit kannt hunn. Ech menge ganz vill Veräiner, virun allem och professionell Veräiner kommen an eng ganz schwéier Situatioun. Et gesäit een och, dass verschidde Spiller selwer Affer bréngen, esou dass ech mengen, dass mir do an eng komplett aner Situatioun erakommen, wéi mir et an de leschte Jore kannt hunn. Bon da muss ee gesinn, wéi d’Situatioun sech bewältegt, mä mir kommen an eng ganz aner Realitéit eran.

Extrait Marc Theisen

De Marc Theisen ass och der Meenung, dass vill Spiller an awer och Veräiner nees mat zwee Féiss op de Buerdem wäerte kommen.

Back to Top
CIM LOGO