Spiller vun de klenge Länner: Christiane a René LienersAn Andorra, fir déi eege Kanner an déi aner Lëtzebuerger unzefeieren

Tom Flammang
Eng ganz Rei Lëtzebuerger Supporter hu sech op de Wee op Andorra gemaach, fir déi Lëtzebuerger Delegatioun ze ënnerstëtzen.
© Fernand Schmitz

Dëst ass och de Fall vum Christiane an dem René Lieners. Hir béid Kanner Sandra a Yannick sinn an der Liichtathletik am Asaz a lafe Kompetitiounen iwwer 10 Kilometer. Fir d’Duechter Sandra kënnt och nach d’Epreuve iwwer 5 Kilometer dobäi.

Christiane Lieners: Eng ganz Woch zu Andorra fir d`Spiller ze suivéieren

“Mir sinn hei fir de Yannick an d’Sandra ze ënnerstëtzen, de ganze Recht vun der Delegatioun natierlech och. Vun der Zeremonie d’Ouverture war ech positiv iwwerrascht, do ware ganz flott Saachen dobäi. Iwwer déi nächst Deeg wollte mir nieft der Liichtathletik och nach de Basket, de Mountain Bike, Volleyball, mol kucke wat soss nach alles méiglech ass.”

Christiane Lieners: Eng ganz Woch zu Andorra fir d'Spiller ze suivéieren
Nieft der Liichtathletik wëlle si och nach Basket, Mountain Bike a Volleyball kucke goen.

René Lieners: ech si positiv iwwerrascht, d’Ambiance an den Zesummenhalt tëscht den Athleten, dat ass richteg flott ze gesinn

“Et ass eng flott Saach, fir eis sinn et déi éischte Spiller vun de klenge Länner. De Mountain Bike interesséiert mech och, mir probéieren dat bescht ze maachen, fir sou vill wéi méiglech ze gesinn. Erëffnungsfeier huet mech ganz positiv iwwerrascht, déi Ambiance bei der Spiller vun de klenge Länner ass ganz flott:"

René Lieners: "Ech si positiv iwwerrascht"
D’Ambiance an den Zesummenhalt tëscht den Athleten, dat ass richteg flott ze gesinn.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.
Klickt op d’Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO