FLF-DammenAn de leschte Méint gouf e grousse Schratt gemaach

Franky Hippert
Déi Lëtzebuerger Dammen Futtballnationalekipp huet de Frëndschaftslännermatch géint Litauen zu Rëmeleng mat 2:3 verluer.
© Sam Rickal

Den FLF-Dammennationaltrainer Dan Santos huet dës lescht Partie vum Joer genotzt, fir schonn d’Campagne vun der Nations League vum nächste Joer ze preparéieren.

Eng Rei erfuere Spillerinne wéi d’Martine Schon oder d’Noemie Raths kruten offiziell Merci gesot fir hir Verdéngschter. Hannendru kommen awer Talenter wéi déi 15 Joer al Leila Schmit, déi lues awer sécher un de Seniorsberäich erugefouert solle ginn. De Generatiounswiessel bei de Roude Léiwinnen ass am Gaangen ma et gëtt awer nach ëmmer e gesonde Mix aus gestanenen an jonke Spillerinnen. Dobäi misst all Spillerin, déi um Terrain steet, vollen Asaz weisen. Ma dat wier dem Nationaltrainer Dan Santos no an den éischte 45 Minutten net ëmmer de Fall gewiescht: “Also déi 1. Hallschent sinn ech net zefridden, do si mer net an d’Zweekämpf gaangen. Dat ass een net gewinnt vun eis, mir stoungen defensiv och net gutt. Mir hunn just dru geduecht, de Ball lafen ze loossen an offensiv ze spillen, an net och eemol defensiv gutt ze stoen an Zweekämpf ze gewannen. Déi zweet Hallschent war gutt vum Zweekampf hier, vum Asaz hier, vum Wëllen hier a vum futtballereschen hier.”

Den Nationaltrainer Dan Santos ass zefridde mat der Entwécklung, déi sengn Ekipp gemaach huet

An hirer éischter Weltmeeschterschaftsqualifikatioun hu Schlimé, Thompson a Co. mat zwou Victoiren géint Nordmazedonien an engem Succès géint Lettland direkt 9 Punkte gesammelt. Déi lescht Méint hätten d’FLF-Dammen hirem Trainer no schonn eng interessant Entwécklung hannert sech: “De Bilan ass positiv, egal wéi een et hëlt. Datt mer esou e Schratt gemaach hätten, wéi d’Meedercher elo gemaach hunn, hätt keen dru gegleeft, ech selwer ech net. Si wëllen ëmmer bäiléieren an haut kann een och kucke kommen, haut gesäit ee Futtball.”

D’nächst Joer am Hierscht fänkt déi nei Nations League fir Dammen un, déi och un d’Welt respektiv d’Europameeschterschaftsqualifikatioun gebonnen ass. Genee wéi bei den Hären ass een dann a Divisiounen agedeelt an et kritt een et mat Géigner ze dinn, déi ongeféier dee nämmlechten Niveau, wat de Futtball ugeet, hunn.

Back to Top
CIM LOGO