CEV Volleyball Challenge CupGym Volley flitt géint Sudosa Assen eraus

Ben Schlammes
No der héijer Néierlag am Allersmatch ass et am Réckmatch net zur Sensatioun komm.
© AFP (Archiv)

Am Kader vum 1. Tour vum CEV Volleyball Challenge Cup bei den Damme muss sech d'Gym Volley en Dënschdeg den Owend och am Retourmatch géint Sudosa Assen geschloe ginn, dat mat 1:3 (25:22, 20:25, 16:25 an 18:25). Domadder ass een eliminéiert.

Um Cents hunn d'Lëtzebuergerinnen zwar ee gudde Start erwëscht a si mat 1:0 a Féierung gaangen, duerno huet d'Ekipp aus Holland allerdéngs besser an de Match fonnt a konnt sech schlussendlech no véier Sätz behaapten.

Den Allersmatch haten d'Damme vum Lëtzebuerger Supercup-Gewënner kloer mat 0:3 (18:25, 14:25 an 13:25) an Holland verluer, wouduerch d'Chancen op ee Weiderkommen am Réckmatch schonn immens kleng waren an een et um Enn dann och net gepackt huet.

Back to Top
CIM LOGO