Olympesch WanterspillerAn der Kombinatioun bei den Häre geet Gold un de Johannes Strolz (Éisträich)

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg de Moien eiser Zäit gouf et op den Olympesche Wanterspiller zu Peking an der Kombinatioun bei den Hären eng gréisser Iwwerraschung.

Als éischt gouf d’Descente gefuer an duerno de Slalom. No béide Competitioune geet d’Victoire un de Johannes Strolz (Éisträich), virum Aleksander Aamodt Kilde (Norwegen) an dem James Crawford (Kanada).

De Strolz war virun der aktueller Saison eigentlech schonn aus dem éisträichesche Kader gestrach ginn. En huet mat den Däitschen trainéiert an e schafft als Polizist. Am Weltcup huet e just dierfe weider matfueren, well de WM-Zweeten am Slalom, den Adrian Pertl, wéinst engem Kräizbandrëss ausgefall ass. Am Januar huet de Strolz, dee seng Schier selwer preparéiert, scho sensationell mat der Startnummer 38 de Slalom vun Adelboden gewonnen. Elo kënnt dann och nach Gold op den Olympesche Spiller dobäi. Säi Papp Hubert Strolz hat 1988 zu Calgary Gold an der Kombinatioun gewonnen a Sëlwer am Riseslalom.

Back to Top
CIM LOGO