
Beim Franky Hippert huet de Volleyball-Trainer vum VC Stroossen iwwer seng Secrete geschwat, firwat säi Club an deene leschte fënnef Joer, fënnef Mol Champion gouf a véier Mol d‘Coupe gewonnen huet. D‘lescht Saison huet Stroossen nach den Triplé mat der Supercoupe, der Coupe de Luxembourg an dem Championstitel gefeiert, dës Kéier gëtt doraus awer näischt. An der Supercoupe huet ee géint Fenteng verluer an an der Coupe gouf ee géint Dikrech eliminéiert. Eise Podcast gouf allerdéngs scho virum Match an der Coupe opgeholl.
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport-Talk” ass dës Woch de Massimo Tarantini op Besuch.
Iwwerdeems huet de Lëtzebuerger Rekordnationalspiller awer och vu senge flottste Momenter an der FLVB-Formatioun erzielt. Ganz besonnesch denkt de Massimo Tarantini do un d‘Spiller vun de klenge Länner 2007 zu Monaco zeréck, wou deemools alleguerten d’Delegatiounen op engem grousse Croisièresschëff ënnerbruecht waren.
Am Volleyball bei den Hären ass an de leschte Jore kee Wee laanscht de VC Stroossen gaangen. An deene leschte 5 Saisone konnt fënnef Mol de Championstitel a véier Mol d‘Coupe de Luxembourg zu Stroossen gefeiert ginn. Mat responsabel fir dee Succès ass op der Trainerbänk de Massimo Tarantini. Et sinn awer net eleng seng Titelen, seet de Volleyballtrainer, et hätt een als Ekipp, als Team, als Club vill dofir gemaach. Nieft der Trainerausbildung versicht de Lëtzebuerger Volleyball-Rekordnationalspiller och esou vill wéi méiglech vun senge fréieren Traineren, déi hie gepräägt hunn, matzehuelen, fir dat dann u seng Spiller weider ze ginn.
Och am Volleyball kann en Trainer net alles eleng maachen. De Massimo Tarantini huet en Trainerstaff mat engem Assistent-Coach, engem Fitness-Coach, engem Kiné, an engem professionelle Videoanalyst. Als Assistent-Coach huet den Tarantini dës Saison de Burkhard Disch u senger Säit. De fréiere Lëtzebuerger Härennationaltrainer an fréieren Directeur technique vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun huet an engem Gespréich wësse gedoen, datt hien Zäit hätt, fir eng Hand mat unzepaken, awer net Haapt-Trainer wéilt sinn.
De Videoanalyst ass an der Virbereedung op e Match net méi ewech ze denken. Do kritt den Trainer déi néideg Biller an Informatiounen doriwwer, wéi de Géigner op där anerer Säit agéiert. All Trainer hätt do seng Vue, seet de Massimo Tarantini, et gi vill Donneeën iwwert d‘Spiller gesammelt. All Spiller huet seng Lieblings- seng Komfortzon, an an der “Money-Time” kënnt e Spiller ëmmer dorop zeréck, esou den Trainer vum VC Stroossen.
D’Drëtt Hallschent mam Massimo Tarantini kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.