BGL LigueAn der Nospillzäit: Françoise séchert Nidderkuer den Erfolleg

RTL Lëtzebuerg
Am Spëtzematch vum 16. Spilldag an der BGL Ligue konnt sech Nidderkuer in extremis mat 3:2 zu Diddeleng behaapten. Rodange huet Péiteng 1:0 geklappt.
An der Nospillzäit: Françoise séchert Nidderkuer d'Victoire
Am Spëtzematch vum 16. Spilldag an der BGL Ligue konnt sech Nidderkuer in extremis mat 3:2 zu Diddeleng behaapten.

E Mëttwoch den Owend war e komplette Spilldag an der héchster Futtballdivisioun. Wärend d’Affiche vum Titelverdeedeger Diddeleng géint den Titelaspirant Nidderkuer erausgestach huet, waren déi aner 6 Matcher vum 16. Spilldag net manner interessant.

LINK: De Liveticker fir nozeliesenFola konnt vum Réckschlag vu Péiteng profitéieren a steet no der eegener Victoire géint Millebaach eleng un der Spëtzt. Iwwerdeems konnte sech Rouspert an Ettelbréck mat hire Succèsen e Lach op déi geféierlech Plazen ëm den Ofstig verschafen.

16. Spilldag / De Resumé vum Serge Olmo

16. Spilldag an der BGL Ligue

Diddeleng - Nidderkuer 2:3

An enger héichklasseger Partie hunn d’Spectateuren an der 1. Hallschecht 3 Goler gesinn. Diddeleng konnt vun engem fréie Gol vum Keita profitéieren, Nidderkuer huet awer duerch en ofgefälschte Schoss vum Silaj kuerz no der Véierelsstonn ausgeglach. Et goung och nom 1:1 op an of a béid Ekippen haten hir Spillundeeler, ma Diddeleng sollt schliisslech op en Neits duerch de Keita den 2:1 geléngen. Kuerz virun der Paus houng awer den 3:1 fir d’Lokalekipp an der Luucht, dee sollt allerdéngs virum der Paus net falen.

Nom Säitewiessel wollt Nidderkuer probéieren, den Ausgläich ze markéieren. Dofir huet den Nidderkuerer Trainer an der 62. Minutt 3 Spiller op ee Coup agewiesselt - ee vun hinne war de Ben Vogel. D’Awiesselung Ofwierspiller sollt sech dann och lounen, well hi keng Minutte gebraucht huet, fir op 2:2 ze stellen.

Et goung also an d’Crunchtime a béid Formatiounen hu mat oppenem Viséier gespillt. Et gouf hektesch am Stade Jos Nosbaum, béid Formatiounen haten déi 3 Punkten nach net ofgeschriwwen. Um Enn war de Spëtzematch mat engem méi gléckleche Schluss fir de Progrès. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit konnt de Françoise den decisive Gol markéieren.

Interview mam Bertrand Crasson
Den Diddelenger Trainer stoung nom Match Ried an Äntwert.

Munneref - Etzella 1:2

Fir Munneref an d’Etzella stoung am Kellerduell vill um Spill. Ettelbréck ass besser an déi 1. hallef Stonn gestart, konnt sech awer net belounen. Dono ass Munneref méi aktiv ginn, och well d’Ekipp aus dem Däich nogelooss huet. Allerdéngs hate béid Formatioune mam schlechten Zoustand vum Terrain ze kämpfen - déi 1. Hallschecht goung ouni Goler op en Enn.

Nom Säitewiessel huet et awer gerabbelt. Als éischt konnt d’Lokalekipp duerch de Falade treffen, ier den N’Cho op Ettelbrécker Säit op der Stonn ausgeglach huet. De Match war du lancéiert, mat enger Ettelbrécker Formatioun, déi op den 2:1 gedréckt huet. Munneref krut du bësse glécklech en Eelefter zougesprach, deen de Barrela am Ettelbrécker Gol hale konnt. D’Partie war bis zum Schluss spannend, d’Etzella huet sech nämlech an de Schlussminutte fir hir Beméiunge mat engem Gol duerch de Medina belount.

© Jeff Birsens

Rouspert - Jeunesse 2:1

Viru ronn 340 Spectateure wollt Rouspert der Escher Jeunesse e Bee stellen. Dëse Projet huet dann och no den éischte 45 Minutte gutt ausgesinn: d’Victoria goung nämlech mat engem duebele Schlag vu Marques a Weirich ronderëm d’Véierelsstonn a Féierung. Mat dësem Avantage goung et fir den Téi an d’Kabinnen. De Pausentéi schéngt bei der Jeunesse net esou richteg gewierkt ze hunn, well d’Spill vun den Escher ronderëm de Kapitän Todorovic net besser gouf. Um Enn war et e verdéngten Erfolleg fir de Veräin vun der Sauer, och wann dem Boakye nach den 1:2-Uschlosstreffer gelongen ass.

© Eugène Thommes

Rodange - Péiteng 1:0

No dem 2:2-Remis vu Péiteng doheem géint Rouspert um leschte Spilldag wollt een et géint den Noper vu Rodange besser maachen. Et war awer den Opsteiger, deen an der Paus a Féierung louch. De Larrière, dee beim leschte Match an der Millebaach dräimol markéiert huet, huet och géint Titus seng Faarwen a Féierung bruecht. An den zweete 45 Minutten huet Rodange versicht, hir Këscht propper ze halen. Mat Mann a Maus gouf verdeedegt an um Enn och gewonnen. E weidere Réckschlag also fir Péiteng.

Fola - Millebaach 4:2

D’Doyenne vum Lëtzebuerger Futtball hat géint d’Millebaach déi 3 Punkte fest ageplangt. No zwee Goler vum Seydi an engem vum Bensi konnt ee vun engem liichte Spill fir d’Ekipp vum Trainer Strasser ausgoen. Den Opsteiger huet sech awer net geschloe ginn an ass kuerz virun der Stonn zeréck an de Match komm an huet esouguer nach un e Punkt gegleeft. Dat war d’Rechnung ouni den Hadji gemaach - den agewiesselten Escher Stiermer huet mat sengem 4:2 an der 79. fir kloer Verhältnisser gesuergt.

Déifferdeng - Stroossen 4:1

Mat engem verdéngten 2:0 fir d’Lokalekipp huet den Arbitter béid Ekippen no 45 Minutte viru ronn 360 Zuschauer an d’Paus geschéckt. Dobäi konnt den FCD03 vun den Onsécherheeten an der Stroossener Defense profitéieren. Déifferdeng konnt am 2. Duerchgang dunn nach een drop leeën, ier de Ruppert kuerz viru Schluss den Éieregol markéiert huet. Insgesamt goung d'4:1-Victoire, no engem Gol vum Vujinovic an der Schlussphas, fir Déifferdeng an d’Rei.

Racing - Hueschtert 2:1

Am Duell tëscht dem Stater Racing an Hueschtert sinn d’Spectateuren an den éischte 45 Minutten net mat héichklassegem Futtball verwinnt ginn. Eréischt géint der Schluss vun der 1. Hallschecht goufen et puer Chancen, Goler bloufen awer aus. Kuerz nom Téi sinn d’Gäscht awer a Féierung gaangen, dat duerch den Iene. Racing war elo déi besser Ekipp an huet 10 Minutte viru Schluss duerch den Hennetier den 2:0 geschoss. D’Ekipp aus dem Gréngewald koum zwar nach eemol duerch e Gol zeréck an de Match, konnt d’Partie an de Schlussminutten awer net méi dréinen.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Den Iwwerbléck vun der Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO