Darts-WMAnderson a Price souverän weider, van Duijvenbode iwwerrascht géint Durrant

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch Owend stounge bei der Darts-WM an England déi lescht Aachtelsfinallen um Programm.
© AFP (Archiv)

Nodeems sech en Dënschdeg schonn de Michael van Gerwen an de Krzysztof Ratajski fir d’Véierelsfinalle vun der Darts-WM qualifizéiert haten, stoungen e Mëttwoch sechs weider Partien an der Ronn vun de leschte 16 um Programm.

Eng staark Leeschtung huet de Gary Anderson gewisen. De “Flying Scotsman” huet géint den “African Warrior” Devon Petersen seng bescht Leeschtung vum Joer gewisen an de Südafrikaner mat 4:0 geklappt. Mat dëser Weltklass-Leeschtung huet den zweefache Weltmeeschter Anderson (2015 an 2016) e Statement gesat.

Kuerze Prozess huet de Gerwyn Price mam Mervyn King gemaach a sech souverän mat 4:1 behaapt.

Relativ kloer war och d’Victoire fir den Dave Chisnall géint den Dimitri Van den Bergh. Hien huet seng Partie mat 4:2 gewonnen. Nodeems den Englänner scho mat 3:0 an de Sätz a Féierung louch, war säi Konkurrent aus der Belsch nach emol op 2:3 erukomm. Um Enn huet den Chisnall, dee bei der WM op 8 gesat, am 6. Saz de Sak awer zougemaach.

Eng Iwwerraschung gouf et an der Partie tëscht dem Dirk van Duijvenbode an dem Glen Durrant. Nodeems den Hollänner géint deen op Nummer 12 gesaten Englänner scho mat 1:3 am Réckstand war, konnt hien d’Partie nach dréinen a sech mat engem 4:3 an de Sätz den Ticket fir d’Véierelsfinalle sécheren.

Eng Ronn weider ass dann och de Stephen Bunting. Den op 26 gesaten Englänner huet sech am eidelen Alexandra Palace an engem enken Duell géint säi Landsmann Ryan Searle mat 4:3 behaapt. De Bunting louch scho mat 2:0 an de Sätz a Féierung, huet dunn awer d’Chance op den 3:0 net genotzt. Dem Searle ass doropshin e Comeback gegléckt. Um Enn ass d’Decisioun am leschten an decisive 7. Saz gefall. Hei louch de Searle scho mat 2:0 an de Legs a Féierung, ier him d’Loft ausgaangen ass. De Searle huet den Triple net méi getraff an esou huet de Bunting de Krimi nach fir sech entscheet.

An de Véierelsfinalle steet dann och den Daryl Gurney aus Nordirland. De “Super Chin” huet de Vincent van der Voort aus Holland mat 4:2 eliminéiert.

D’Véierelsfinallen am Iwwerbléck

Michael van Gerwen (1) - Dave Chisnall (8)

Gary Anderson (13) - Dirk van Duijvenbode

Krzysztof Ratajski (15) - Stephen Bunting (26)

Gerwyn Price (3) - Daryl Gurney (11)

Wéi geet et weider?

D’Darts-WM ass an der decisiver Phas ukomm. E Mëttwoch den Owend stoungen déi lescht Aachtelsfinallen um Programm. E Freideg ginn d’Véierelsfinalle gespillt, e Samschdeg d’Halleffinallen an e Sonndeg ass dann d’Finall.

Net méi mat dobäi ass ënnert anerem den Titelverdeedeger. De Peter Wright ass iwwerraschend fréi am Tournoi vum Underdog Gabriel Clemens eliminéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO