
Haarde Coup e puer Stonne virum leschte Match an der Futtball-Nations-League fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp. Wéi d‘FLF en Dënschdeg am fréien Nomëtteg matgedeelt huet, goufen de Gerson Rodrigues an den Anthony Moris positiv op de Coronavirus getest. An Ofsprooch mat der Santé sinn déi 2 Spiller direkt an Isolatioun gaangen.
De Rescht vun de Lëtzebuerger Spiller a vum Staff sinn all negativ.