Lëtzebuerger Futtballer am AuslandAnthony Moris an 2. belscher Liga zum Golkipp vum Joer gewielt ginn
De Lëtzebuerger Nationalgolkipp, dee bei Excelsior Virton spillt, kann op eng staark Saison zeréckkucken.
10 Mol huet hien zu Null gespillt a stoung 4 Mol an der Top-11 vun der Woch. De Kapitän vu Virton war e wichtege Bestanddeel vun der Defense vun der Ekipp, déi iwwregens déi bescht aus der ganzer Liga war.