
De Golkipp hat wéinst engem presuméierte positive Corona-Test en Dënschdeg de Match vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an der Nations League géint den Aserbaidjan verpasst.
E Mëttwoch huet den Anthony Moris ee weidere Corona-Test gemaach an do war d’Resultat negativ, dat huet d’FLF e Mëttwoch am Nomëtteg an engem Schreiwes matgedeelt.
