
Obwuel de Ralph Schon e Freideg nach Forfait erkläert hat, gouf hien no engem Gespréich mam Nationaltrainer a Récksprooch mat senger schwangerer Fra nonominéiert a wäert de positiv getesten Anthony Moris am Lëtzebuerger Gol ersetzen.
Domat wäert den 31 Joer ale Golkipp vum FC Wolz zu senger 14. a 15. Selektioun kommen, dat en Donneschdeg géint den Aserbaidjan an e Sonndeg géint Irland.
Och, ob de Laurent Jans kann a béide Matcher agesat ginn, ass net sécher. De Spiller vu Sparta Rotterdam ass ugeschloen.